Concertscheck Tom WalkerEch kommen nach dëst Joer gär zeréck op Lëtzebuerg

Et war e klenge Kader an de Rotonden. An eent ass sécher; A sou engem klénge Kader wäert een den Tom Walker sécher sou séier net méi erëm gesinn!

Leschten Update: 23.04.2018, 22:35:58

© Tom Walker kuerz virum Concert am Eldo Interview mam Christine Delvaux

Knapps 1 Stonn stoung de 26 jonke Brit an de Rotonden op der Bühn. Et war e relaxe Sonndes-Owes Gig!
Mat senge 3 Museker huet hien eng professionell Show ofgeliwwert ouni vill Schnick Schnack. Echt handgemaachte Musek.

De Brit, deen zu Glasgow op d’Welt komm ass an zu Manchester opgewuess ass, gëllt als ee vun deene grousse briteschen Newcomer. E Sonnde stoung hien an de Rotonden op der Bühn wou de Publikum ganz begeeschtert war. De Concert war Sold-Out:

Lidder wéi “Heartland”, dat zesumme mam engleschen DJ a Producer Naughty Boy geschriwwe gouf, souwéi “Blessings” a “Just You and I” hunn iwwerzeegt. Natierlech huet de Brit de bekanntste Song fir de Schluss gehalen: „Leave a Light On“ huet mëttlerweil méi wéi 65 Millioune Spotify Streams erreecht an ass vum Steve Mac produzéiert ginn, deen ënner anerem beim Ed Sheeran sengem “Shape of You” matgehollef huet. Ass et vläicht dowéinst datt den Tom Walker dacks mat him verglach gëtt? Dat wär jo definitiv kee schlecht Omen.

Op jiddwer Fall huet de jonke Brit sech d’Méi gemaach Stëmmung an d’Rotonden ze bréngen. Tëscht de Lidder huet hien seng Fans zum Laache bruecht andeems hien seng Gittar virgestallt huet, déi „Barry“ heescht an andeems hien d’Leit motivéiert huet, matzesangen. Seng Songs sinn och duerch hir Villfältegkeet a senger kräfteger an emotionaler Stëmm ganz gutt ukomm. Datt Kënschtler wéi de Bob Marley oder The Police hien inspiréieren, héiert een och eraus.

Ween de SOLD OUT Concert verpasst huet, ka sech freeën; den Tom Walker kënnt den 1. Dezember schonn nees op Lëtzebuerg zeréck, de Scoop huet hie selwer während dem Concert annoncéiert.

Fazit: mir freeën eis schonn op den 1. Dezember.

4/5 Stären!