
© Eldoradio
8 Schüler aus dem Lycée Classique de Diekirch hunn eng Mini-Entreprise mam Numm Luxetoys gegrënnt an e Memory Spill entwéckelt.
Den David an den Damir vu Luxetoys erklären eis d’Prinzip vum Spill.
Zil vun dësem Memory-Spill ass et virun allem klenge Kanner am fréien Alter d'Recycléiere bäizebréngen!
Sou e Projet ze finanzéieren ass net ganz einfach, dofir hunn d’Schüler sech Hëllef vu verschidde Partner geholl.
D’Memory-Spill 'Poubelle' ass den Ament nach net um Marché ze kréien, dir kënnt äert Spill awer bei Luxetoys virbestelle fir e Präis vun 12 Euro.
Weider Infoe fann dir op der Luxetoys Facebook Säit.