D'Mëschung mécht etWisou mir net ophale kënnen, Chipsen ze iessen!

Et ass eng vun den am meeschten diskutéierte Froen: Wisou kann een ni ophalen, Chipsen ze iessen? Mir hunn d'Äntwert!

Leschten Update: 25.04.2018, 08:29:15

© Pexels

Owes bei der Tëlee, beim Béier mat de Kollegen oder als Snack tëschenduerch: D'Tut Chips gehéiert zu de beléiftste Schneekegkeeten. Eng Kéier domadder ugefaange kann een och ganz schlecht erëm ophalen. Ma wisou ass dat dann sou? Fuerscher sollen dat elo eraus fonnt hunn.


Datt een einfach net kann ophale mat iessen, ass ee Phänomen, dat schonn eng ganz Zäit ënnersicht gëtt. Ënnert dem wëssenschaftleche Numm hedonesch Hyperphagie ass sou ee Verhalen och nach bekannt.


Fir d'Etüd goufe knapp 20 Fraen a Männer getest. Dobäi gouf erausfonnt, datt beim Iesse vu Chips déi Regioun am Gehir, déi responsabel fir d'Fille vun enger Belounung ass, aktivéiert gouf. Dacks gëtt dat och mam Drogekonsum verglach: Dësen euphoreschen Zoustand wëll een ëmmer an ëmmer nees erliewen a sou gëtt een da süchteg. D'Zil war et och, eng sougenannte "Naschformel" opzestellen déi dunn och am Test mat Raten entwéckelt gouf.

Chipse provozéieren euphoreschen Zoustand!


Dës Naschformel soll eng bestëmmte Relatioun tëscht Fett a Kuelenhydrater duerstellen, déi d'Iesse fir eis attraktiv mécht. Eist Gehir reagéiert immens positiv op dës zwou Komponenten a sou kann et esouguer zu enger Friessorgie kommen!


D'Fuerscher hunn dann awer nach eppes erausfonnt: Wat de Body Mass Index, och bekannt als BMI, méi héich ass, wat eist Verlaangen no Chipse méi grouss ass. Heescht: Wat ee méi deck ass, wat ee méi Loscht op Chipsen huet. Wisou dat esou ass, kënnen d'Fuerscher nach net erklären...


Fazit vun dëser Etüd: D'Mëschung aus Fett a Kuelenhydrater fënnt eist Gehir extrem befriddegend an dowéinst kënne mir net ophalen an d'Chips-Tut ze gräifen. Dëse Mix versetzt eis an esou eng Euphorie, datt ee süchteg ka ginn.