
Ugefaange mat labberen 205 Euro, déi een am Maze zu London fir eng Pizza muss hibliederen. De Präis erkläert sech duerch déi exquisit Toppings déi aus italieneschem Zwiwwel-Püree mat wäissem Trüffel, Büffel-Mozzarella, Fontina Kéis, Pancetta, frësche Kraider, a fir dat ganzt ofzerënnen, nach enger extra Portioun Trüffel bestinn.
Mat 820 Euro fënnt een am Nino Bellisima zu New York déi 4t deierste Pizza. Kreéiert gouf dës op der Upper East Side vu Manhatten a muss sou natierlech dem Luxus-Quartier entspriechen. Mat ganze 6 verschiddene Kaviar Varianten esou wéi zwee Homard Schwänz ass dat e Liichtes.
Mir bleiwen zu New York a leeën nach eng Kéier 800 Euro drop. Dann kritt een d’Pizza aus der Industry Kitchen, awer nëmme wann een dës och 48 Stonnen am Viraus bestallt huet. Sou laang muss se nämlech an der Tëntefësch-Tënt zéie gelooss gi fir schlussendlech mat Stilton Kéis beluecht ze ginn. Dorop kënnt dann och nach Foie Gras, frësch gehuewelten Trüffelen a 24 héichkarätegt Gold. Fir Dekadenz vun ëmgerechent 1.600 Euro perfekt ze maache gëtt d’Meeschterwierk dann och nach mat gëllene Flacken, Kaviar a Rousen-Blieder verfeinert.
Dat ass awer nach näischt géint d’Pizza Royale 007 aus dem Restaurant Haggis zu Glasgow! Fir dëse Luxus dee mat Gold verfeinert gëtt muss een 3.500 Euro op den Dësch leen. Zousätzlech dozou kënnt awer nach a Schampes marinéierte Kaviar drop, an och den Homard deen dat ganzt ofrënnt, dierf am Viraus an 100 järegem Cognac zéien. Méi dekadent geet et bal net…
…falsch geduecht! Och wann d'Garnéiere bei eiser Nummer 1 relativ banal ass, hei bezilt een de Service mat. Ganzer 6.700 Euro muss ee fir d’Pizza for Lovers an der Favitta’s Family Pizzeria ausginn. Dës Pizza an der Form vun engem Häerz huet zwar keng besonnesch Ingredienten, mee dofir kritt een eng Fläsch Dom Perignon an e Verlobungs-Rank dobäi. Wat e Schnäppchen! Mee opgepasst: wat den Diamant méi grouss soll sinn, wat dat romantescht 'Rund-Um Paket' och méi deier gëtt.