
© Amy Watson / Eldoradio
D'Plattform mam Numm "MoveHub" ass eigentlech een Online-Site, deen sech an éischter Linn mam Plënnere beschäftegt. Ma dëse Site huet elo een Index erausginn, deen ee Ranking vun de coolste Stied weltwäit opgestallt huet. Ënnert dem Numm "Hipster-Index" sollen déi Destinatiounen opgelëscht ginn, déi an ënnerschiddleche Kategorien déi meeschte Punkte kruten.
Bei dëse Kategorien ass sech natierlech op Plaze fokusséiert ginn, déi en Hipster immens gären huet: hipp Caféen, vegan Restauranten, Vintage-Butteker a Second-Hand-Shops a Tattoostudioen. Fir d'Analyse sinn iwwer 400 Stied an 20 Länner ënnersicht ginn.
Op Plaz Nummer 5 huet et déi portugisesch Haaptstad Lissabon gepackt. Wien schonn do war weess, wat fir ee Charme dës Stad huet an dat ee vu richteg coole Caféë bis hippe Butteker an de schéinste Vuë praktesch alles fënnt. Op de Plaze 4 bis 2 sinn da just US-Stied vertrueden, wat eigentlech wéineg iwwerraschend ass.
Méi interessant ass da vläicht d'Plaz Nummer 1 an dësem Hipster-Index. Brighton am Süde vun England konnt bei de meeschte Kritären iwwerzeegen an ass domadder déi hippste Stad op der Welt! Hei soll een da ganz vill Vintage-Kleeder, Newcomerbands a vegan Spezialitéite fannen! Op 100.000 Leit gekuckt géingen et ganzer 9 Plackebutteker. Domadder hätten d'Bierger dee beschten Accès op d'vintage Musek vu fréier!

A Punkto Coffee-Shops wier Brighton och ganz vir bäi. Bei eis si vegan Restaurante jo nach um kommen, am südenglesche Stiedche kann een tëscht 37 verschiddenen Iess-Spots eraussichen! Wann dir Iech ugesprach fillt, wësst der elo Bescheed, wou déi nächst Vakanz higeet!