Levi's JeansFälschung oder Original?!

Firwat bei all 10. Levi's Jeans e wichtegt Detail feelt.

Leschten Update: 25.04.2018, 15:47:30

Déi beléifte Jeans vun der Mark Levi’s erkennt ee virun allem un engem Detail: der rouder Etikett mat Schrëft-Zuch hannen un der Boxentäsch. Elo huet eng Fra bei enger Online Bestellung genee dat awer vermësst, a geduecht et géif sech em e Plagiat handelen.

Op Nofro beim Online-Shop war sech mol net de Service Client sécher a sou krut d’Fra eng néi Jeans geschéckt. Mee och beim zweete Versuch huet d’Levi’s Zeeche gefeelt an esou gouf se nach eng Kéier zréckgeschéckt. No der 3. Kéier ass dunn endlech de richteg Produit ukomm mee d’Fro op den Online Handel et mat gefälschte Levi’s ze dinn hätt bleift bestoen.

D’Porte Parole huet dat ganzt elo opgekläert a konnt all Virwërf vu Fälschung ofwieren. Levi’s produzéiert nämlech ganz bewosst Jeans wou d’Schrëft un der Etikett feelt. De Grond dofir leit beim Marken-Recht.

Fir sech vun anere Marken ze differenzéieren huet d‘Entreprise d’Etikett mat Levi’s drop umelle gelooss. Aus Angscht dass aner Jeans Hiersteller hinnen dat rout Schëldchen um Hënner awer och nomaache kéinten, an d’Léit doropshinn den Ënnerscheed tëscht Levi’s an anere Jeans net erkenne géifen, huet d’Mark sech zousätzlech dozou déi rout Etikett patentéiere gelooss. Esou ass d’Entscheedungs-Mierkmol onverkennbar an de Sproch 'Look for the red tab' ass Kult ginn.

Fir sech e Markenzeechen allerdéngs permanent virzebehale muss een et och benotzen. Esou huet Levi’s kuerzerhand decidéiert bei all 10. Box d’Schrëft fort ze loossen a just dat rout Schëld anzesetzen.