
Datt Plastik der Ëmwelt schued ass gewosst, datt Recycling dogéint hëlleft och! Fir dëst ze encouragéiere gëtt de System mat Vidange op de Plastiksfläschen, esou wéi op anerem Geschir, schonn a ville Länner duerchgefouert. Lëtzebuerg gehéiert bis dato nach net dozou, elo ass awer vun enger Petitioun riets déi genee dëst ännere wëll.
Et dem Nopeschland Däitschland nozemaachen a Vidange anzeféieren, do ginn d'Meenungen auserneen. Den Eldo huet nogefrot wien Vidange um Plastik fir eng gutt Iddi hält, a virun allem wat dofir an dogéint schwätzt.
Wärend eng sëllech Befroten der Meenung sinn, dës Ännerung géif der Ëmwelt gutt doen an d’Mass un Offall miniméieren, fannen anerer déi Initiativ just nerveg. Eng héich Prozentzuel fënnt de System am Grousse Ganze gutt esou wéi en hei am Land etabléiert ass. Virausgesat d’Leit halen sech dann och un d’recycelen a geheien net alles an eng Poubelle, respektiv esouguer an d’Natur.
Eppes geet nämlech ganz kloer ervir, op Vidange um Plastik oder net, Offall soll getrennt ginn, an am beschte souguer reduzéiert!