
Vill Allergiker hu während de méi waarme Méint rout Aen a mussen non stop d'Nuesschnappecher bei Hand hunn. Dëst Joer sollen Allergiker besonnesch leiden: d'Pollebelaaschtung wier nach méi schlëmm wéi d'Jore virdrun.
Den Dokter François Hentges vum CHL ass Expert am Beräich vun der Immunologie an Allergologie an erkläert, wéi d'Situatioun dëst Joer ass:
Den Dr. Hentges
Mir hunn dëst Joer also e sougenannte Mastjoer. D'Konzentratioun vu Pollen ass immens héich. Grond dofir ass ënnert anerem, datt et an de leschte Wochen esou séier waarm ginn ass.
Den Dr. Hentges
Dem Dokter Hentges no wier d'Saison vun de Beem geschwënn eriwwer. Berouege kann dat awer net jiddereen, well dann d'Graspollen ufänken sech ze verbreeden. D'Quantitéite wieren do net esou grouss wéi bei de Beem, mee Graspolle kënne bis an de Juli era staark present sinn. An de Méint Juni bis August kommen dann och nach d'Spore vu verschiddene Schimmelpilzen dobäi. Déi kënnen och ganz uerg Allergien ausléisen. Ofgesi vun Allergiepëlle gëtt et net vill wat ee maache kann, fir sech ze schützen.
Den Dr. Hentges
Den Dokter Hentges betount, datt ee sech mat Zäite kontrolléiere soll loossen. Och bei einfachen Erkältungen ass eng d'Méiglechkeet do, datt een eng allergesch op Polle reagéiert.
Lauschtert hei de komplette Reportage!