
© Eldoradio
Vum 14. Juni un gëtt nees ee Public Viewing fir Futtballweltmeeschterschaft um Glacis organiséiert. Dat war um Mëttwoch de Moien eng vun de Nouvellen, déi um traditionelle City Breakfast matgedeelt goufen.
Wann e puer Matcher gläichzäiteg gespillt ginn, kann de Public am viraus online ofstëmme, wéi ee Match um Glacis iwwerdroe gëtt. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer:
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer
De City Skyliner, dee läscht Joer ënne bei der Gëlle Fra stoung, wäert den 30. Juni bis den 12. August nees opgestallt ginn. De grousse Succès vum läschte Joer hätt dozou gefouert, datt een de Responsabele vun der Attraktioun fir dëst Joer nees kontaktéiert hätt.
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer
Eng aner Nouvelle ass dann, datt am Mee e gréissere Chantier an der Hollerecher Strooss ufänkt. D’Aarbechte wäerte ganzer 32 Méint daueren. E Mëttwoch den Owend vun 18h00 un gëtt am Centre culturel zu Hollerech eng Informatiounsreunioun organiséiert, fir de Bierger weider Detailer matzedeelen.
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer
De Chantier um Royal Hamilius soll bis virum Kollektiv-Congé 2019 fäedeg sinn. Enn 2019 géif jo d’Galerie Lafayette hier Dieren opmaachen. Déi elektresch Vëloen, déi d'Stad vum Juli un a Betrib wollt huelen, wäerten eréischt am September disponibel sinn. Wéi d'Stater Buergermeeschtesch erkläert, wier d'Nofro beim Livreur fir d'Batterien ze héich gewiescht, dowéinst misst een elo mat Retarde rechnen.
Lauschtert hei de komplette Reportage!
