
Op Schnurres, Vollbaart oder Stoppelen, den Hype ëm bäerteg Männer ass nach net eriwwer. Kee Wonner also dass Fraen, enger Etüd vum Journal of Evolutionary Biology no, méi ugezu si vu Männer mat Baart. Wat d’Etüd awer nach erausfonnt huet kéint Dating Welt op d’Kopp geheien.
Männer mat Baart sinn déi besser Partner, respektiv gi vu Fraen als esou wouergeholl. Wärend glat-raséiert Gesiichter zwar attraktiv wierken, reegen se éischter zu enger Affär un wéi enger Bezéiung. Männer mat Baart wierken dogéint méi zouverlässeg a positionéieren sech esou als potenzielle Partner fir d’Éiwegkeet.
D’Erklärung dofir leit an der Psychologie, fir méi genee ze sinn doran wat d’Frae wouerhuele wann se dem Géigeniwwer an d‘Gesiicht kucken. Maskulin Mierkmoler ginn onbewosst mat der Onfäegkeet eng Bezéiung ze féieren associéiert. Dëst ass e Grond firwat männlech Zich am Gesiicht, esou wéi e staark ausgepräägte Kënn, ofschreckend wierken. Ze feminin Gesiichtszich kommen allerdéngs och net gutt un.
Esou si Bäert de perfekte Kompromëss tëschent deenen zwee Extremer. Markant Gesiichter ginn doduerch méi douce an zaart Zich wierke méi maskulin.
Op Männer mat Baart dann elo tatsächlech déi besser Laangzäit-Partië sinn doriwwer léisst sech streiden. Dass se hirer Dating Konkurrenz awer em eng Hoer-Breet viraus sinn dat steet elo fest.