Zu LëtzebuergMajoritéit interesséiert sech fir Politik

D'Majoritéit vun de Lëtzebuerger Awunner interesséiert sech fir Politik, sief et am Grand-Duché oder an den 3 Nopeschlänner.

Leschten Update: 26.04.2018, 16:12:54

© ELDO

An e puer Méint si Parlamentswahlen zu Lëtzebuerg an dann ass erëm bal jiddereen opgeruff wielen ze goen. Fir vill Leit steet scho laang virdru fest, wien se wielen. Ma anerer wëssen dat bis kuerz ier se hir Kräizer maachen nach guer net. Dofir huet sech TNS Ilres emol gefrot, wéi et dann eigentlech bei den Awunner zu Lëtzebuerg mam politeschen Interessi ausgesäit, dat awer net nëmmen op Lëtzebuerg, mä och op d'Nopeschlänner bezunn.

85% vun de Résidenten si méi oder manner staark interesséiert

Op nationalem Niveau interesséieren sech d'Lëtzebuerger Residente relativ staark fir d'Welt vun der Politik. 85% hunn uginn, sech fir politesch Virgäng am Land ze interesséieren, 55% hunn souguer gemengt et géif si ganz staark interesséieren.

Wat d'net-Lëtzebuerger ugeet, déi hei am Land liewen, do sinn et der bal d'selwecht vill, nämlech 82%. Net iwwerraschend sinn et awer grad déi, déi sech méi fir d'Politik a Frankräich interesséieren.

© TNS Ilres


Interessi fir Politesch Situatioun a Frankräich an an Däitschland

59% vun de Lëtzebuerger ginn un, dass si sech ëm déi politesch Situatioun a Frankräich këmmeren, och wann d'Majoritéit dovun dat nëmmen esou niewebäi interesséiert. Dat selwecht gëllt fir Däitschland mat 54%. Hei sinn et awer erëm d'Lëtzebuerger, fir déi d'Politik an Däitschland interessant ass.

Hei de Reportage am Toun!


Den Interessi fir déi politesch Situatioun bei eise belschen Noperen hält sech am Géigesaz dozou awer a Grenzen. Ganzer 68% vun de Befroten hunn nämlech gesot, dass si sech net ëm d'Politik an der Belsch këmmeren. En Drëttel huet sech awer ëmmerhin nach interesséiert gewisen.

Wat méi al, wat méi interesséiert

Am Resumé bleift ze soen, dass déi Residenten, déi sech fir national Politik interesséieren och d'Politik an anere Länner suivéieren, och wann den Interessi net grad esou grouss ass.

A wéi schonn aus aneren TNS Ilres-Ëmfroen ervir gaangen ass, sinn et d'Männer, déi sech e bësse méi fir Politik begeeschtere kënnen.
Dësen Interessi klëmmt dann och däitlech mam Alter vun de Leit.