
© Fernost
Ëmmer erëm fënnt ee jo Videoen, an deenen ee gesäit, wéi Rettungsgaasse während dem Stau net esou wierklech klappen. Ma eng Rettungsgaass kann iwwer Liewen an Dout entscheeden. Dofir huet elo z.B. d'Autobunns-Police an Nordrhein-Westfalen decidéiert an Zukunft sougenannten Dashcams anzesetze fir da Chauffere ze filmen, déi partout keng Rettungsgaass wëlle forméieren an se dann eben duerno kënnen ze bestrofen.
Mir hunn eis dofir gefrot, ob dat net och eng Méiglechkeet fir d'Lëtzebuerger Police wier.
Keng rechtlech Basis fir Asaz vun Dashcams
A fir d'Äntwert direkt virewech ze huelen: De Moment denkt d'Police net iwwer den Asaz vun esou Dashcams vir. Dat si jo Kameraen, déi vir am Auto placéiert ginn an alles filmen, wat esou virum Won geschitt.
Wéi de Porte Parole vun der Police, Frank Stoltz eis erkläert huet, géif fir de Moment ganz einfach déi rechtlech Grondlag fir den Asaz vun esou Kamerae feelen. Déi géifen – wéi iwwregens och déi sougenannte Bodycams – e puer Reegelen ënnerleien, dat well eben dee Moment an der Ëffentlechkeet géif gefilmt ginn.
Wann een also mat den deementspriechende Kamerae géif filmen, da géif en Traitement vu Biller gemaach ginn. Ma d'Dateschutzgesetz géif virgesinn, dass fir all Traitement vun Donnéeën an dorënner falen eben och Filmer e groussherzoglecht Reglement misst hir.
An de Moment géif et eben esou e Reglement fir Dashcams net ginn.
Bis zu 145€ an 2 Punkte bei Verstouss
Dat heescht awer net, dass d'Police keng Méiglechkeet huet, esou Verstéiss ze verfollegen an ze bestrofen. 74€ kascht et, wann een de Ween vun de Rettungsdéngschter net d'Virfaart léisst, wann déi mat bloer Luucht a Sireen ënnerwee sinn.
Dat selwecht gëllt och, wann een net op d'Säit fiert oder stoe bleift fir d'Rettungsdéngschter am Asaz laanscht ze loossen. Méi deier gëtt et awer bei der Rettungsgaass, respektiv wann een déi net bilt.
145€ an 2 Punkte stinn do um Spill, wann een de Rettungs- oder Policewon bei engem Accident oder soss enger Urgence net duerchléisst.
89% fir en Asaz vun Dashcams
Bleift nach ze soen, dass mir och Iech op eldo.lu gefrot haten, wat dir da vun der Iddi vun esou Dashcams haalt. 89% hu gemengt, dass den Asaz vun esou Kamerae fir d'Police eng gutt Saach wier, 11% fannen, dass esou eng Mesure iwwerdriwwen ass.