
© Slice of Sauce
Wien kennt et net, et dréckt een op d’Ketchup Tüb an eraus kënnt eng eenzeg Sauerei. Géint déi Zosen-Problematik huet d’Emily Williams eng Léisung: Scheiwen-Ketchup!
D’Iddi hannendrun ass ganz simpel, et soll net drëpsen, net sabbelen a virun allem soll d’Zooss iwwerall gläichméisseg verdeelt sinn. Firwat also net eppes kreéiere wat vum Geschmaach hir der séisser Tomatenzooss nokënnt a vun der Konsistenz dem Scheiwen-Kéis gläich ass.
Mee wat mëscht ee mat sou enger innovativer a spezieller Iddi? Ganz kloer, et stellt een se op Kickstarter a probéiert sech, respektiv de Produit, finanzéieren ze loossen. Obwuel vill Leit doriwwer wahrscheinlech nëmmen de Kapp rësele kënnen, ass d’Emily mat senger Iddi erfollegräich an hëlt innerhalb kierzter Zäit dat duebelt vum Montant an deen et sech erhofft hat.
Mat knapp 25.000 Euro kann hat mat sengem Projet elo duerchstarten. Ganz néi ass déi gedréchent Zooss allerdéngs net. Am Internet fënnt ee schonn eng sëllech Rezepter fir de sougenannte Ketchup-Lieder.