TraficTipps fir méi entspaant duerch de Stau

Dir sëtzt ëmmer gestresst am Auto?! Mir hunn d'Léisung fir e stressfräie Wee.

Leschten Update: 27.04.2018, 19:14:58

© pexels.com

Wann dir wéi all Mueren am Stau stitt da versicht ärem Stau-Noper mol an den Auto eran ze laachen, mat bëssi Chance kritt dir vläicht en klengt schmunzelen zeréck an et ass een direkt besser gelaunt! Ausser hien oder hat fiert iech op d’Aarbecht no…dat wier dann net méi sou entspaant…

Et pecht mol nees een iech hannen um Pare-choc? Dann bleift cool an otemt puer mol déif an, an aus!

Oder gitt engem aneren d’Virfaart of, sou hutt dir är kleng Bonne Action vir den Dag gemaach an dir fillt iech direkt besser.

An amplaz den Handy bei der rouder Luucht an de Grapp ze huelen, notzt di Zäit wou dir do stitt vir d’Steierrad eng Kéier fest ze drécken an dann nees lass ze loossen. Dëst soll de Stress séier ofbauen.

An grad elo am Fréijoer! Kuckt iech d’Beem un déi sou schéi bléien an all déi flott faarweg Blummen! Mee vergiesst dobäi awer net weiderhin de Bléck op der Strooss ze behalen, dat kéint soss schif goen!

Wann dann awer mol nees ee vun de villen Idioten op der Strooss iech d’Virfaart hëllt da sot iech selwer ganz haart: STOPP! Ech bleiwe ganz roueg!

An wann all des Tipps net hëllefen da roden ech iech den Ëffentlechen Transport ze huelen, obwuel een och do nees vill Tipps brauch fir roueg ze bleiwen.