Neien Trend um Hipsterhimmel!Gin-Tonic-Coffee

Ob an der Hipsterbar oder am Duerfkaffi, mëttlerweil ass Gin iwwerall ze fannen. Elo gëtt et en Gin-Tonic-Cocktail!

Leschten Update: 27.04.2018, 13:49:33

© stocksy

Gin Tonic gëtt an alle Varianten ugebueden, an daat gëtt verschiddene Leit schonn nees langweileg.

D’Bridder Olivier an Emile Ward hu sech den neiste Clou um Gin Himmel ausgeduecht! De Gin Tonic Coffee!

Wie sech elo denkt: Ma perfekt da kann ech scho Mueres ufänke mat drénken!! Nee Nee, sou ass dat net, de Gin-Kaffi ass als Dessert-Drink geduecht.

Amplaz e Limoncello oder eng Drëpp nom Iesse gëtt et dann en Gin-Kaffi.

A gutt vir de Mo ass dat Ganzt och nach. Den Alkohol hëlleft dat fettegt Iessen ze neutraliséieren an de Kaffi reegt d’Verdauung un.

Alles wat dir vir den Gin Tonic Coffee braucht ass Gin, Tonic Waasser, Kaffi, puer Äiswierfelen an eng Scheif Zitroun. Prost!