Neien Navetteservice „Kussbus“ Zesummen ouni Stress op d'Aarbecht an zeréck

Zil vum neie Service ass et fir e puer Persounen zesummen ouni ëmzeklamme mueres op d'Aarbecht an Owes erëm heemzebréngen.

Leschten Update: 09.05.2018, 07:47:21

© kussbus.lu

De Lëtzebuerger steet vill am Stau an dat ass e Problem – dat huet net nëmmen de Premier Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun festgestallt mä jiddereen, deen z.B. An d'Stad era wëllt, dee spiert et all Dag um eegene Leif. All Initiativ fir eppes um Trafic ze änneren ass dofir wëllkomm.
E gutt Beispill ass en neien Navetteservice mam Numm „Kussbus“, dee schonn de 25. Abrëll offiziell lancéiert gouf.

Op d'Aarbecht ouni Stress

Zil vum „Kussbus“ ass et, fir e puer Persounen op d'Aarbecht ze féieren a se och erëm sichen ze kommen, ouni dass ebe jidderee säin Auto muss huelen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


19 Plazen huet de Bus a fir d'Grënner vum Service ass dat ganzt kloer eng Méiglechkeet, fir sech Mueres mat anere Saachen ze beschäftege wéi am Stau stoen, esou de Matgrënner an Direkter vum Kussbus, Jean-Luc Rippinger.

© ELDO

Via Smartphone-App reservéieren a suivéieren

Natierlech muss hei – anescht wéi dacks bei Bus an Zuch – keen ëmklammen. Dofir verspriechen d'Grënner och eng exemplaresch Pénktlechkeet, dat och well och de Chauffer via App guidéiert gëtt.

LINK / Fannt hei d'App a weider Informatiounen!

Déi ganz Saach ass relativ einfach: An där respektiver App reservéiert ee säi Kussbus. Do fënnt een och deen noosten Arrêt an da brauch ee just nach an der App ze suivéieren, wéini de Bus kënnt.

Eng Sëtzplaz ass dobäi ëmmer garantéiert an d'Bussen, déi vu Voyages Emile Weber bedriwwe ginn, si klimatiséiert


Speziellen Algorithmus fir beschtméiglechen Transport

Ganz besonnesch mécht de Service eréischt en Algorithmus. Deen ass nämlech dofir responsabel, dass d'Leit séier op hir Aarbechtsplaz an erëm heemkommen, dat andeems d'Arrêten beschtméiglech de Clienten ugepasst ginn.

© kussbus.lu

Ausbau och op nationalem Niveau

De Moment gëtt et eng Linn, de Bus mécht den Aller-Retour Arel via Kierchbierg a Glacis. Ganz séier soll de Service, wann dann d'Nofro wiisst, och op reng nationalem Niveau ausgebaut ginn.




D’Fuerzäite sinn tëscht 7.00 an 9.00 Auer fir op der Aarbecht unzekommen. Fir heem fiert de Bus tëscht 16.00 an 20.00 Auer.

Wann een elo awer mol eng Kéier méi laang muss schaffen kann d'Auerzäit ouni Käschte geréckelt ginn. 

4,95€ kascht den Trajet an enger éischter Zäit an eng Richtung, duerno kascht en ëm déi 8€.

D’Kussbus-App gëtt et fir Android an iOS.

© kussbus.lu