De wuel gäilste Job10 Woche laang gratis duerch d'Welt reesen!

Wow Air sicht en neie Mataarbechter!

Leschten Update: 09.05.2018, 07:47:25

© pexels.com

D'islännesch Airline Wow Air sicht Mataarbechter fir de wuel gäilste Job!

10 Woche laang duerch d’Welt reesen, mat enger Begleetpersoun au choix an dat ganz ouni ee Cent ze bezuelen!
Déi eenzeg Aufgab, déi dir hei gestallt kritt, ass är Rees per Blog, Foto a Video ze dokumentéieren.

38 Destinatioune ginn dobäi bereest, et si genee déi Destinatiounen, déi "Wow Air" an hirem Portfolio huet!

D’Rees geet ënnert anerem op Barcelona, Los Angeles, New York an Island.

Wow Air erhofft sech duerch des Aktioun "Social Media Publicity an hoffentlech onbezuelbar Erënnerungen".

Fir un dësen Job ze komme musst dir einfach just e Video um Site vu Wow Air eroplueden, an deem dir eng virtuell Tour duerch är Heemecht gitt. Dat ganzt muss bis de 14. Mee ageschéckt sinn.

De Gewënner gëtt dann ënnert anerem op der Facebook Säit vu Wow Air bekannt!

Lauschtert iech et hei un!