Frae si gestresstSinn d'Männer Schold?

Wéi et schéngt, si Frae méi vu Männer gestresst, wéi vu Kanner...

Leschten Update: 17.05.2018, 15:32:47

Eis Gesellschaft ass am Stress.
Hautdesdaags gëtt gelieft fir ze schaffen, an net ëmgedréint.
Wien dobäi och nach Kanner huet, fënnt seelen e puer Minutte fir sech. Nieft der Aarbecht muss ee kachen, akafe goen, de Stot maachen an och nach d’Kanner versuergen.
Kee Wonner, dass een do gestresst ass.

Eng nei Etüd vun Today huet elo 7000 Mamen zu genee dësem Sujet befrot. Déi Meeschten hunn hire Stresslevel op enger Skala vun 1 bis 10, mat 8,5 bewäert. Dat skurrilt dorunner, bal d’Halschent vun de Fraen huet uginn, dass de Partner, also de Mann, méi stresst wéi d’Kanner.

An do rutsch d’Etüd e bëssi an de Beräich vun de Klischeeën. ¾ vun de Fraen huet nämlech uginn, si missten sech souwuel em de Stot, als och em d’Erzéiung vun de Kanner këmmeren. De Mann kuckt entweder no, oder mécht just dat Néidegst. Awer nëmmen, nodeems hien 10x gefrot ginn ass.

An hei loossen sech zwou Etüden matenee verbannen. D’Universitéit vu Padova huet nämlech erausfonnt, dass Männer méi ofhängeg vun de Frae sinn, wéi ëmgedréint. Wann d’Frae stierft, geet et dem Mann gesondheetlech méi schlecht. Wann Par Konter de Mann stierft, entwéckelt d’Frae néi Méiglechkeeten, besser mat Stress an Depressioun ëmzegoen.

Hei hëlleft en Tipp vun Healthy Holistic Living. Einfach am Viraus festleeën, wien fir wéi eng Aufgaben zoustänneg ass. Sou ditt dir net just äre Partnerin eppes Guddes, mee och Iech selwer. An dir kommt mat Secherheet och besser duerch den Alldag.