Top 10Déi räichste britesch Museker a Musekerinnen 2018

'Sunday Times' annoncéiert déi 10 Sänger, Interpreten a Songwriter aus de UK mat dem héchste Verméigen.

Leschten Update: 17.05.2018, 06:40:22

© Pexels

Ugefaange bei deem äermsten ënnert deene räichsten. Den Ex-Member vun The Police deen och a senger Solo-Carrière nach gutt verdéngt huet, de Sting. Hien huet ganzer 217 Milliounen Euro um Compte.

Den Dänzer, Michael Flatley, deen sech iwwer 230 Milliounen Euro freeë kann, ass zwar eigentlech US Amerikaner, huet awer iresch Wuerzelen an fënnt sech dowéinst op der Plaz Nummer 9 am Klassement erëm.

Natierlech sinn och The Beatles vertrueden, op der 8er Plaz de Sir Ringo Starr, Ex-Batteur vun der Britescher Rockband, mat 251 Milliounen.

Hien ass awer net deen eenzege vun de Beatles deen op der Lëscht opdaucht. E gutt gefëllte Porte-Monnie hunn och d‘Olivia an den Dhani Harrison, Ex-Frau a Jong vum verstuerwene George Harrison.

Och d’Kult Band, The Rolling Stones, respektiv hire Lead-Gittarist Keith Richards ass mat dobäi, dat mat 280 Milliounen Euro.

An och an den Top 5 sinn se vertrueden. Dat mam Mick Jagger, Frontmann vun der Rockband, a ganzen 260 Milliounen Euro.

An wat wier eng Britesch Lëscht ouni de Sir Elton John. Mat iwwer 450 Millioune verkafen Alben ass et kee Wonner dass hien 342 Milliounen Euro zu sengem Räichtum ziele kann.

Top 3 gëtt agelaut vun enger ganzer Band. 2017 hunn se hire leschten Album Songs of Experience erausbruecht a 645 Milliounen Euro sinn 2018 um Compte gelant. Riets ass hei natierlech vun U2.

Op der zweeter Plaz steet e Lord an e Komponist. Den Andrew Lloyd Webber ass béides, an dat erfollegräicht. Mat senge Musicals wéi Cats oder Evita huet hien an dësem Joer schonn 740 Milliounen Euro Opweises.

An d’Nummer 1 ass keng Iwwerraschung an och net deen eenzegen aus senger ex-Band deen am Klassement vertrueden ass. De Sir Paul McCartney deelt sech zesumme mat senger Fra Nancy Shevell déi éischt Plaz an ass soumat mat 930 Milliounen Euro de räichste Museker aus de UK.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Wien elo verwonnert ass dass keen Adele oder Ed Sheeran hei vertrueden ass dee muss sech nach e bëssi gedëllegen, bis d’Lëscht méi jonk gëtt muss nach e bëssi musizeiert a verdengt ginn. Déi al Huesen hunn d’Nues jo emmerhi scho lang vir.