Nei EU-DateschutzrichtlinnMéi Rechter an Transparenz fir Verbraucher

Déi nei Dateschutzrichtlinn gëllt vum 25. Mee un a soll virun allem d'Rechter vun den Notzer stäerken a fir méi Transparenz beim Gebrauch vun Date suergen.

Leschten Update: 18.05.2018, 11:17:19

Vum 25. Mee un muss all Entreprise, all Veräin an all Administratioun déi nei Dateschutzrichtlinne vun der EU ëmgesat hunn. Dat stellt d'Betriber virun Erausfuerderungen, stäerkt awer d'Rechter vun de Verbraucher. Ma wat bedeit dat elo genee fir d'Notzer vun z.B. soziale Plattformen awer och soss fir perséinlech Daten?

Am Graffe gesot, ginn d'Rechter vun den Notzer gestäerkt a méi transparent gemaach - an dat eben EU-wäit. Dofir gëtt déi ganz Saach dann och manner komplex. 9 Spezifesch Rechter ginn et am ganze fir de Verbraucher, esou de Pascal Steichen, Direkter vu SecurityMadeIn Lëtzebuerg,

Lauschtert hei d'Erklärung vum Pascal Steichen!

Date permanent an ëmfangräich läsche méi einfach gemaach

E ganz grousse Schratt an dëser neier Richtlinn ass de sougenannten „Droit à l'oubli“. Dat heescht, wann een eppes bei engem Ubidder läsche wëllt, da muss deen dat och maachen.

Weider hätt den Notzer elo och d'Recht ze fuerderen, dass Date komplett geläscht ginn. Dat heescht souguer, wann een z.B. op Google géif no bestëmmte Saache sichen, dass déi dann net méi fonnt géife ginn. Praktesch ass dat, wann also z.B. Fotoen oder soss Date komplett solle verschwannen.

En anert Recht ass d'Recht op Portabilitéit, d.h., wann een vun engem Portal op en anert wiesselt, da muss de Fournisseur alles drusetzen, dass d'Daten esou gutt wéi méiglech mat weider geholl kënne ginn.

Vill Prozesser gefaart

Elo gëtt jo gefaart, dass déi nei Richtlinn vill Geriichtsaffäre wäert mat sech bréngen. De Pascal Steichen mengt awer, dass sech d'Geriichtsaffàren an deem Kontext wäerten a Grenzen halen. Vill méi einfach wier nämlech an éischter Instanz mat der Entreprise, déi den Dateschutz verletzt huet, direkt ze schwätzen.
Déi hätten nämlech eng Obligatioun ze Äntweren.

Sanktioune vu bis zu 4% vum weltwäite Chiffre d'Affaires

Nei ass och elo, e Mëttelwee iwwer d'Dateschutzkommissiounen, wéi z.B. d'CNPD zu Lëtzebuerg.

Och déi kënne Sanktiounen ausschwätzen, dat esouguer bis zu 4% vum weltwäite Chiffre d'Affaires vun der respektiver Entreprise. An dat kann nawell richteg deier ginn.

Ëm wéi eng Date geet et?

Wien an deem heite Sënn vun Date schwätzt, deen denkt u villes. Ma gemengt si perséinlech Donnéeën. Wéi wäit dëse Begrëff awer gefaasst ass, erkläert d'Tine A. Larsen, Presidentin vun der CNPD, also der nationaler Dateschutzkommissioun.

Lauschtert hei d'Erklärung vum Tine A. Larsen!


Déi nei Direktiv ersetzt dobäi eng vun 1995, déi déi rezenten Entwécklungen a Saache Computer- an Internettechnologie nach net virausgesinn hat.

Notze vu Fotoen op soziale Plattformen

Huele mir elo mol un, dass op Facebook bei engem mir friemen Notzer e Bild vu mir optaucht, ouni, dass ech zougestëmmt hunn, dass deen dat dierf huelen.

Kloer gëtt een hei erkannt, domat sinn et perséinlech Daten. E Gebrauch ouni Autorisatioun ass dofir net erlaabt. Dat ass zwar scho méi laang esou, ma wéi gesot, déi nei Riichtlinn mécht d'Legislatioun och an deem Sënn méi transparent.

Ganz esou enk dierft dat op mannst beim private Gebrauch awer net geholl ginn. Vill Geriichtsaffären erwaart d'Tine A. Larsen awer d'selwecht wéi schonn de Pascal Steichen, Direkter vu SecurityMadeIn Lëtzebuerg net.