Féx erkläertWisou schlofe Féiss an Hänn an?

Wisou geschitt dat dann eigentlech? Ass et ongesond oder souguer geféierlech? Dat ass dës Kéier d'Thema an eisem "Féx erkläert"!

Leschten Update: 17.05.2018, 15:32:48

© Pexels

Et ass gewosst, datt Hänn a Féiss aschlofe kënnen. Dat ass en zimlech onangenehmt Gefill a kee vun eis huet et immens gären. Fir d'éischt fillt et sech daf un, duerno fänkt et u mat kribbelen: Dat Gefill kenne mer, wa Féiss oder Hänn ageschlof sinn.

Doriwwer mécht ee sech eigentlech net vill Gedanken, mee dëse Mechanismus kann awer e puer Grënn hunn, déi een net ignoréiere soll.

Wat wëll de Kierper eis domadder soen?

Wann ee fir eng länger Zäit d'Been iwwertenee schléit, kënnen eis Féiss aschlofen. Grond dofir ass, datt dee Moment op eenzel Nerve gedréckt gëtt a sou d'Verbindung tëscht dësen Nervenzellen an eisem Gehir ënnerbrach ka ginn. Duerch dës Ënnerbriechung ginn eis Nerven dru gehënnert, hir Aarbecht ze maachen.

Hir Fäegkeet, Informatiounen un eise Kapp weiderzeleeden, setzt domadder aus. Wann Féiss an Häff souzesoen daf sinn, kënnen dat och Unzeeche fir eng seriö Krankheet sinn. Am schlëmmste Fall kann et zu engem Schlag kommen. Wann ee méi dacks ënnert dësem Phenomen leit, soll ee bei den Dokter goen a sech ënnersiche loossen.

Wann et also bis ufänkt mat kribbelen, gëtt geroden, sech direkt anescht ze sëtzen, respektiv d'Positioun an där d'Féiss oder d'Hänn sinn, esou séier wéi méiglech ze änneren. Sou gëtt de Nerv nees entlaascht an déi entspriechend Kierperregioun gëtt nees waakreg.

Och beim Sport kann dat geschéien, wann d'Schong zum Beispill ze enk sinn. Et kann ee mat engem Fouss, deen ageschlof ass, ronderëm trëppelen, datt ass net ongesond, mee d'Gefor, datt ee sech dobäi blesséiert, ass méi héich.