Analyse vun 500.000 SongsWat mécht e Song zum Hit?

Eng mega Stëmm, eng Melodie déi direkt am Ouer bleift, oder een dynamesche Rhythmus? Wat mécht Lidder an den Charts besonnesch erfollegräich?

Leschten Update: 17.05.2018, 09:26:57

© afp

Kann et iwwerhaapt een einfach Erfollegrezept fir en Nummer-1-Hit ginn? Schonn eleng aus rechneresche Grënn ass et eigentlech onméiglech, well all Woch kann et ëmmer just ee Lidd ginn, dat ganz uewen an den Charts steet. Dat sinn also héchstens 52 Lidder d’Joer- obwuel an deem Zäitraum jo dausende Lidder eraus kommen.

Wëssenschaftler hunn et trotzdeem probéiert: op mannst e puer Critèren fir de Succès vun engem Song z’identifizéieren. Si hunn dofir elo 500.000 Lidder ënnersicht déi tëscht 1985 an 2015 a Groussbritannien eraus komm sinn. Dobäi konnten si och eraus fannen, wéi Trends sech an de leschte Joerzéngten verännert hunn.

Beispillsweis verbreeden d’Lidder haut generell manner gutt Laun wéi nach an den 80er Joren. Ausserdeem ass den Undeel vun traurege Lidder liicht an d’Luucht gaangen.

Een doudséchert Erfollegrezept fir en Top-Hit konnt awer och des Etüd net generéieren- awer op mannst e puer Critèren dofir. An zwar tendéieren besonnesch erfollegräich Lidder dozou, méi glécklech ze sinn, an éischter Party-Stëmmung ze verbreeden. Ausserdeem sinn Top-Hits manner relax wéi Duerchschnëtts-Songs a ginn méi dacks vu Fraen gesongen wéi vu Männer.

Kloer z'erkennen an den Donnée’en ass och de Superstar-Bonus: Grouss Nimm wéi Rihanna, Justin Timberlake an Eminem zéien halt- och wann d’Lidd net onbedéngt aus der Mass vun de villen Titelen eraus stécht.

Gutt Laun, Danzbarkeet an de Superstar-Faktor - e puer variabelen sinn deemno bekannt. Di ultimativ Hitformel hunn d‘Fuerscher awer nach net an den Hänn. Jonk Newcomer, déi sech eng mathematesch Formel fir een Top-Hit erhofft haten, dierften deemno enttäuscht sinn.

Lauschtert hei de Reportage: