Keng Helmflicht zu LëtzebuergMam Vëlo ënnerwee - Wat dierf een, wat net?

Sidd dir dacks mam Vëlo ënnerwee a wësst net richteg, wat erlaabt ass a wat net? Mir hunn d'Äntwerten!

Leschten Update: 26.05.2018, 17:58:33

D'Isabelle Medinger vun der Sécurité Routière am Eldoradio Interview © Eldoradio

Et ass gewosst, datt all Automobilist sech un de Code de la Route hale muss. Ma bei de Vëlosfuerer gesäit et net anescht aus. Beim Thema Vëlo wëssen awer just déi Mannst, wat een elo dierf a wat net.


Lauschtert hei de komplette Reportage!


Dierf een iwwert den Trottoir fueren, wa kee Vëloswee do ass, ass en Helm obligatoresch a wéi gesäit et mam Telefonéieren aus. Äntwerten op dës Froe weess d'Isabelle Medinger, Direktesch vun der Sécurité Routière:

D'Isabelle Medinger

 

A Punkto Helmflicht gëtt et hei zu Lëtzebuerg kee gesetzleche Kader, deen d'Droe vun engem Helm obligatoresch mécht. Wéi ass et da mam Vëloswee, wann dësen ophält? Dierf een um Trottoir weider fueren?

 

D'Isabelle Medinger

 

D'Beliichtung um Vëlo ass obligatoresch, mee wat dann dem Isabelle Medinger no nach vill méi wichteg ass, ass déi richteg Kleedung vum Vëlosfuerer.

 

D'Isabelle Medinger

 

Et dierf een dann och net zu zwee op engem Vëlo fueren. Kanner, déi manner wéi 8 Joer hunn, dierfe vun engem Vëlosfuerer deen op mannst 18 Joer huet an engem Kannersëtz matgeholl ginn. D'Vitesslimitatioune sinn déi nämmlecht wéi bei den Automobilisten, zemools an 20er- an 30-Zonen, mussen déi vum Vëlosfuerer agehale ginn.


A wat den Alkoholkonsum ugeet: Hei gëllen um Vëlo déi selwecht Reegele wéi hannert dem Steier: Den Alkoholwäert dierf net méi héich si wéi 0,5 Promill.