Brandgefor duerch SonnestralenWaasserfläsch bei Hëtzt net am Auto leie loossen

Wann et waarm gëtt an d'Sonn schéngt hunn déi meescht eng Waasserfläsch dobäi. Déi sollt een awer net am Auto direkt an der Sonn leie loossen.

05.06.2018, 08:30:53

© Pexels

Et war an ass fir vill Leit an hirer Kandheet e beléiften Zäitverdreif. Eng Lupp, e bësse Stréi oder Pabeier a virun allem eng roueg Hand, a scho konnt ee selwer e klengt Feierche maachen. Virausgesat natierlech d'Sonn huet geschéngt. Wéi elo d'Energiefirma Idaho Power aus den USA an engem Video gewisen huet, kéint dësen Effekt awer och op ganz anerer Plaz a mat anere Materialien entsoen.

An zwar wann d'Sonn bei waarmem Wieder duerch d'Waasserfläsch am Auto schéngt. U sech ass et jo paradox: Feier, dat duerch Waasser entsteet. Kuckt een sech awer emol d'Sonnestralen un, déi duerch eng kloer Plastikfläsch mat Waasser gebrach ginn an op eng Fläch liichten, da gëtt dat Ganzt scho méi plausibel. Am ugeschwate Video vun der Firma Idaho Power ass eng kleng Fläsch an d'Sonn effektiv duergaange, fir e klengt Lach an den Autossëtz ze brennen.





D'Firma warnt dofir, keng Fläschen am Auto ze loosse, wann d'Sonn schéngt. Do hätten d'Stralen dann nach méi Zäit, fir de klenge Punkt ze erhëtzen. An op Nofro beim 112 war et effektiv d'Äntwert, dass dat net ganz onméiglech wier, och wann et hei zu Lëtzebuerg nach keen esou e Fall ginn hätt. Ma et hätt een awer scho vun esou Fäll héieren.

Ma och op anerer Plaz kéint een de Phänomen an der fräier Natur beobachten. Dat esouguer am Wanter. Wann et do nämlech dréche wier, da kéinten Äisplacken als eng Zort Lupp wierken an dat dréchent Gras ufänken.

Dat ganzt soll awer elo kee Grond zur Panik sinn. Ma wann een eng Fläsch am Auto huet, sollt een se villäicht awer besser vun der Sonn ewech halen oder direkt mat eraus huelen.