EichenprozessionsspinnerWat ass dat, a wéi geféierlech ass en?

Op e puer Plazen am Land si gëfteg Eichenprozessionsspinner gesi ginn. Wëss dir wat dat ass, a wéi geféierlech dee ka ginn?

Leschten Update: 06.06.2018, 12:32:35

© youtube screenshot

Wat ass een Eichenprozessionsspinner a wéi geféierlech ass en? Eldoradio war mol mam Mikro dobaussen ënnerwee an huet d'Leit gefrot, ob si wësse wat den Eichenprozessionsspinner ass.

Lauschtert hei:



Am Fong ass et een nuetsaktive Päiperlek. Vun Abrëll un, wann d'Raupen vun dësem Päiperlek optrieden, zeien dës an enger Aart Prozessioun virun allem iwwert d'Eechebeem. An dohier kënnt och de Numm.


Wéi geféierlech ass den Eichenprozessionsspinner?

Den Eichenprozessionsspinner ka geféierlech ginn. D'Raup huet Brennhoer déi bei Mënsch an Déier allergesch Reaktiounen ausléise kann. Et kann zu Verbrennungen an Allergie kommen.

D'Elisabeth Kirsch aus dem Haus vun der Natur:



Souwuel an den Näschter wéi un de Raupen selwer sinn dës Brennhoer ze fannen. Dowéinst sinn dës betraffe Beem och z'evitéieren. D'Hoer kënnen och iwwert d'Loft weidergedroe ginn. Virun allem Leit déi Asthma oder schlëmm Allergien hunn, ass dat ganzt am schlëmmste Fall méi geféierlech.

Wat mécht ee wann een d'Déierche gesäit?

D'Raupen sollt een net selwer vun de Beem huelen. Et sollt een den Expert ruffen deen dat da mécht. Fir d'Näschter vun den Déiere lass ze ginn, mussen déi ewechgebrannt ginn. Dat sollen awer wéi gesot nëmme Profie maachen, well een dofir speziellt Material a speziell Kleedung brauch.

Gesäit een Näschter respektiv déi gëfteg Raupen sollt een an der concernéierter Gemeng, beim zoustännege Ministère oder bei Pont-et-Chaussée uruffe wann een déi z.B. laanscht Stroosse gesäit.

De Joé ass selwer betraff gewiescht an huet eis eng Foto erageschéckt:

© Eldo Mobile Reporter Joé


© Eldo Mobile Reporter



Vorsicht Eichenprozessionsspinner (06.06.2018)

Communiqué par: ministère du Développement durable et des Infrastructures / Administration de la nature et des forêts / ministère de la Santé

Der Eichenprozessionsspinner (Thaumetopoea processionea) ist ein Nachtschmetterling, welcher durch wärmere und trockenere Witterung in den letzten Jahren auch vermehrt in Luxemburg anzutreffen ist. Vor allem in Siedlungsbereichen und Parks stellen seine Larven ein gesundheitliches Risiko für den Menschen dar. Ab dem 3. Larvenstadium sind die Spiegelhaare der Raupe durch ein hochallergenes Protein (Thaumetopoein) gefährlich. Kommen diese Haare in Kontakt mit dem Menschen, so können sie Juckreiz verursachen und Reizungen der Atemwege oder Augen auslösen.

Raupengespinste welche an Schlehdorn, Weißdorn oder anderen Hecken zu finden sind, stammen allerdings meist von der Gespinstmotte (eine andere Art) und sind für den Menschen ungefährlich.

Um die Bürgerinnen und Bürger über den Eichenprozessionsspinner aufzuklären, wurde vom Ministerium für nachhaltige Entwicklung und Infrastruktur und dem Ministerium für Gesundheit bereits 2017 ein Faltblatt erarbeitet, welches Auskunft über die Biologie des Eichenprozessionsspinners und die mit ihm verbundenen Gefahren gibt. Auch werden Vorbeugungs- und Schutzmaßnahmen erläutert. Dieses Faltblatt ist in deutscher und französischer Sprache bei der Naturverwaltung erhältlich und kann auch auf den Webseiten www.emwelt.lu und www.sante.lu heruntergeladen werden.

Links