"Déi nei Première fir Erwuessener"Och nieft der Aarbecht den Ofschloss nohuelen

Duerch eng Zesummenaarbecht tëscht der „Ecole de la 2e Chance“ an dem Lëtzebuerger Athénée kënnen Erwuessener an Zukunft hir Première nohuelen.

Leschten Update: 12.06.2018, 14:24:18

© Eldo

Net jiddereen huet d'Chance, säin Ofschloss ze maachen, wann e jonk ass. All Joer ginn deemno 1.600 Schüler ouni Diplome vun der Schoul of. "Déi nei Première fir Erwuessener" ass eng zukünfteg Initiative, déi et jonke Leit an Erwuessener vum September un erméiglecht, hiren Ofschloss nieft der Aarbecht nozehuelen. Nei ass, datt d’Couren owes no 17h00 sinn. Soss si just Coure während dem Dag offréiert ginn. De Carlo Welfring, Direkter vun der „Ecole de la 2e Chance“:

De Carlo Welfring


Soss war et esou, datt ee just d'Matière vun de „sciences humaines“ vun der Sektioun G léiere konnt. D'Course ginn donieft méi flexibel ënnerriicht an och d'Diversitéit vun der Matière gëtt méi grouss. De Jos Bertemes, de Coordinateur vum „diplôme d’accès aux études supérieures", kuerz DAES:


De Jos Bertemes


Autonom an autodidaktescht Léiere steet am Mëttelpunkt. De System vum „cours de présentiel“ a vum „flipped classroom“ gëtt besonnesch ervirgehuewen.


De Jos Bertemes


© E2C / AL

© E2C / AL



De „Life-Long-Learning“ an d'Formatioun vun Erwuessene gëtt doduerch gestäerkt, sou de Claude Heiser, stellvertriedenden Direkter vum Lëtzebuerger Athénée. Den DAES, gëtt mam Ofschlossdiplom aus dem Secondaire gläichgestallt, datt heescht d'Leit kënnen op d'Universitéit, op eng Héichschoul an och an de ëffentlechen Déngscht. Bis de 15. September kann ee sech umellen.


Lauschtert hei de komplette Reportage!

© Eldo

Links