Fussball-WMPolice och bei spontane Feiere present

Wann sech no engem Match erëm Autoskolonne forméiere fir mat haardem Getuuts duerch d'Stroossen ze rullen, dann ass d'Police virbereet.

14.06.2018, 08:00:30

© Mladen ANTONOV / AFP

D'WM fänkt den Donneschdeg un an obwuel Lëtzebuerg net mat dobäi ass, huet Lëtzebuerg de Virdeel, dass een an der Reegel mat de Supporter vun enger ganzer Rëtsch aneren Equippe ka feieren. Wann et dann zu de Finalle kënnt, wat d'Freed bei de Supporter an d'Feieren ëmmer méi zou hëlt. Dass déi natierlech net roueg doheem sëtze bleiwe, mä och emol gären am Konvoi mat Fändelen a mat haardem Getuuts duerch d'Stroosse fuere, kënnt awer net bei jidderengem gutt un.

Police och zu Lëtzebuerg op WM virbereet

Natierlech preparéiert sech d'Police op d'WM, dat net nëmme bei gréisseren Evenementer wéi Public Viewing oder Ähnlechem. Och bei spontane Feiere géif d'Police dës encadréiere, mam ieweschten Zil, fir d'Sécherheet vun all de Bedeelegten ze garantéieren, esou de Porte-Parole vun der Police, Frank Stoltz.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Toleranz a Respekt vun de verschiddene Säiten

Wat d'Getuuts ugeet, do wier de Code de la Route u sech kloer: Tuten dierf een nëmme fir op eng Gefor hinzeweisen. Ma hei géif ee bei esou speziellen Occasiounen un d'Toleranz vun de verschiddene Säiten appelléieren.

Police ass manner streng, mä...

Och d'Police wier bei esou Evenementer e bësse méi kulant, wann et awer misst sinn, da géif een awer net zécken anzegräifen.

Wann et elo zu sougenannten Autoskorsoe kënnt, da géif d'Police selwer och wann néideg Stroossen zäitweis spären an Deviatiounen organiséieren, fir Accidenter oder soss Tëschefäll ze evitéieren. Zil wier et awer fir an engem raisonnabelen Zäitraum déi concernéiert Plazen erëm fir de Verkéier opzemaachen.

Wat elo d'Fan-Deko op den Autoen ugeet, och hei misst een sech un de Code de la Route halen. Dat heescht, déi musse fest um Auto ubrecht ginn an därfen d'Moosse vum Ato net iwwerschreiden.