Weltdag vun der BluttspendBal 14'000 Leit spenden zu Lëtzebuerg hiert Blutt

Um Weltbluttspenderdag hu mir op d'Situatioun ronderëm d'Bluttspenden zu Lëtzebuerg gekuckt, déi op mannst fir de Moment emol gutt ass.

14.06.2018, 12:00:50

© DAVID EBENER / DPA / AFP

Bluttspenden ass eppes, wat een ouni vill Opwand ka maachen, mat deem een awer eng immens Hëllef ka leeschten. Dacks sinn et awer Ausrieden wéi „Ech hunn dofir keng Zäit“ oder „Mäi Blutt brauch souwisou keen“, déi Leit dovun ofhalen, selwer Blutt ze spenden. An dobäi ginn och zu Lëtzebuerg ëmmer nei Bluttkonserve gebraucht.

Genuch Bluttkonserve fir de Moment

De Moment ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg vergläichsweis gutt huet eis d'Andrée Heinricy vum Lëtzebuerger Roude Kräiz gesot. Eng 110 Bluttspenden den Dag gi gebraucht fir d'Besoine vun de Cliniquen ze decken. Dofir wiere reegelméisseg Spenden esou wichteg.

D'Lescht Joer hat ee gréisser Problemer mat de Reserven, dëst Joer wier d'Situatioun awer stabil, och wann dat sech zu all Moment kéint änneren, dat jee no der Disponibilitéit vun de Spender an dem Besoin vun de Cliniquen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


13'000 bis 14'000 Bluttspender zu Lëtzebuerg

D'Zuel vun de Leit, déi Blutt spende wier iwwerdeems stabil bliwwen. 13'000 bis 14'000 sinn der zu Lëtzebuerg ageschriwwen.

Ma déi wieren natierlech net ëmmer disponibel. Dat kann duerch Reesen, Krankheeten, Operatiounen oder Tattooe bedéngt sinn, no deenen ee jo eng Zäitchen net spenden dierf, esou d'Andrée Heinricy nach.

All Bluttgrupp gëtt gebraucht

Dass verschidde Bluttgruppe manner géife gebraucht ginn wier iwwerdeems net richteg.

Zu Lëtzebuerg kéint een sech mat de Basis-Bluttproduiten de Moment selwer versuergen. Méi speziell Saachen kéint een awer aus dem Ausland kréien.

Iwwerdeems wieren d'Reegelungen, déi et verschiddene Leit géife verbidden ze spenden grad bei Enkpäss problematesch, ma déi géifen op wëssenschaftlechen Erkenntnisser baséieren an hätten nëmmen een Zil an zwar d'Sécherheet an d'Gesondheet vun all de Bedeelegten.