Drinks vs. SexWat seet d‘Gedrenkswiel iwwert d‘Sexliewen aus?

Verschidden Drinks - verschidde sexuell Virléiften...

Leschten Update: 13.06.2018, 08:57:48

© Pexels

Genee esou wéi beim Sex, wou jiddereen seng eege Virléiften huet, ass et och beim Gedrénks. D‘Wiel déi ee beim Comptoir trëfft, verbënnt allerdéngs béides an esou soe folgend Drinks méi iwwert sexuell Preferenzen aus wéi ee villäicht mengt.

Margherita Baby! De Margherita Drénker steet net nëmmen op experimentell a spontan Aventuren, en ass och eng Iwwerraschung fir de Partner, egal op dat de laangjäregen ass oder e One-Night-Stand. Mee och eleng gëtt dem Margherita Drénker net langweileg a sou gräift en och gäre mol op, soe mer mol, Spillsaachen zréck.

Jack Daniels Drénker brauch een net mat douce Këss op den Hals ze kommen, béissen ass do éischter erwënscht. E Whisky Liibhaber, huet et gäre wëll an opreegend, op dobäi d’Wunneng verwüst gëtt oder d’Noperen sech beschwéieren ass egal.

Gin Tonic an Hugo dominéiert Gedrénks Trends an den Discoen, deen deen e bestellt gëtt d’Kontroll awer léiwer of. Den Gin Tonic oder Hugo Genéisser léisst sech beim Bestellen zwar net dra rieden, beim Sex wëll en dogéint gesot kréie wat e soll maachen. Devot jo, brav net esou wierklech.

Wäisse Wäin kléngt klassesch a roueg, wien awer elo dovun ausgeet dass d’Sexualliewen hei d’selwecht ausgesäit leit falsch. Op alle Fall net wann een duerno kuckt wéi oft se sech am Bett ameséieren. Wäiss-Wäin Drénker si giereg a kréien net genuch, weder vun deem engen, nach vun deem aneren. 

Onkomplizéiert awer präsent, esou ass de Béierdrénker a genee sou gesäit och säi Sexliewen aus. Béier ass Béier, a Sex ass Sex. Haaptsaach et kënnt dozou, egal wou an egal wéini.

Lauschtert hei de komplette Reportage!


A wat ass äere 'go-to' drink?