Nationalfeierdag 201822. an 23. Juni kee Public Viewing um Glacis

Fir Nationalfeierdag wéi och de Virowend ass de Programm nees gutt gefëllt. Concerten, Animatioun, Mobilitéit a Sécherheet stinn am Mëttelpunkt.

Leschten Update: 13.06.2018, 15:25:47

© Pexels

Nationalfeierdag, oder vill méi de Virowend, ass fir vill Leit deen Dag, wou uerdentlech gefeiert gëtt. Ma dass do ganz vill Organisatioun dohannert stécht, dorunner denkt ee vläicht net sou direkt.

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, de Stater Schäfferot an weider Responsabel hunne Mëttwoch de ganze Programm presentéiert.

Lauschtert hei de komplette Reportage!


Nationalfeierdag fält dëst Joer op e Samschden. Ma wéi gewinnt gëtt och schonn um Virowend vu Nationalfeierdag an der Stad gefeiert. Och dëst Joer ass de Programm nees gutt gefëllt. Nationale Museker, internationale Kënschtler, Hip Hop Musek, DJ-Sets a Lëtzebuerger-Folklore Musek ass fir jiddereen eppes dobäi. Den 1. Stater Schäffe Serge Wilmes:

 

De Serge Wilmes

 

Fir eng éischte Kéier sinn op der Theaterplaz Optrëtter vu Lëtzebuerger Rapper an Hip Hop-Kënschtler. De Fakelzuch an der Stad geet genee um 21h20 lass an d'Freedefeier gëtt nees vum Pont Adolphe gezünt, dat um Punkt 11 Auer owes fir 17 Minutten. A Punkto Mobilitéit soll de Public op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, esou de Gilles Peters, Responsabel vum Stater Busreseau:

 

De Gilles Peters

 

Den Tram wäert bis 03h40 an d'Nuecht era fueren. Ma déi Leit, déi awer mam Auto ënnerwee sinn, musse wéinst de gespaarte Stroosse mat Repercussioune rechnen. Den 22. sinn owes vun 18h00 respektiv 19h00 de Stater Zentrum an de Garer Quartier gespaart. Och laanscht d'Strooss dierf ee sech net parken. Et kann ee sech an d'Parkhaiser stellen, mee och do ginn et Ausnamen. De René Lindenlaub, Direkter vun der Police Grand-Ducale:

 

De René Lindenlaub

 

Fir d'Supporter vun der WM gëtt et dann och nach eng Nouvelle: Um Virowend vu Nationalfeierdag an den 23. selwer gëtt et leider kee Public Viewing um Glacis.

© Eldo

Links