Fussball op der AarbechtsplazWat sinn d'Méiglechkeete fir d'WM ze suivéieren?

D'Fussball-WM geet endlech lass. Fir vill Fussball-Fans gëtt et just ee grousse Problem: D'Matcher ginn och während der Aarbechtszäit gespillt.

14.06.2018, 17:30:15

© Pexels

Elo huet net jiddereen d'Chance an enger Sportredaktioun ze sëtzen a gewëssermoosse gezwonge sinn, d'Matcher ze kucken.

Keen obligatorescht Recht op WM während der Aarbechtszäit

Et gi vill Patronen, déi si während der WM e bësse méi relax drop an erlabe villäicht esouguer fir op mannst niewebäi verschidde Matcher ze verfollegen. Natierlech däerf do d'Aarbecht net drënner leiden.

Ma kee Chef muss et sech gefale loossen, dass seng Employéeë während 90 Minutte virun der Tele sëtzen. Eng Méiglechkeet ass hei, de Radio unzemaachen. Dat ass natierlech net dat selwecht mä op mannst kritt een d'Resultater an de Match am Graffe mat – wann dat da vum Patron toleréiert gëtt.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Streaming oder Live-Ticker via Internet

Dat selwecht gëllt fir e Streaming iwwer Internet, soe mir emol, iwwer en 2. Bildschierm. Besser ass et do fir de Live-Ticker um Handy matlafen ze loossen, dat kéint schonn éischter toleréiert ginn.

Wann alles näischt hëlleft an de Chef engem permanent iwwer d'Schëller kuckt, da kann een och emol d'Fëmm oder d'Toilettepausen huelen, fir iwwer déi neiste Momenter um Lafenden ze bleiwen.

Plangen a mat Patron ofklären

D'Mëttespaus oder d'Aarbechtszäite verréckelen oder einfach direkt fräi huelen ass natierlech och eng Méiglechkeet, virausgesat de Virgesetzten ass domat averstanen.

An do komme mir dann och zum sprangende Punkt: Am beschten ass et sech virzebereeden a mam Chef ofzeklären, wat erlaabt ass a wéi wäit ee ka goen. Well och dee wëllt jo wahrscheinlech verschidde Matcher, déi jo och emol gären ëm 12.00 oder ëm 15.00 Auer sinn, net verpassen. Wat een awer muss soen ass, dass de passende Béier zum Fussball während der Aarbechtszäit an der Reegel tabu ass. E puer Kompromësser muss ee jo kënnen agoen.