Suen a FussballMaartwäert vu Spiller läit bei 10,4 Milliarden Euro

Der ING no sinn d'Suen am Fussball an der Tëschenzäit esou wichteg, dass se ganz Weltmeeschterschaften entscheede kënnen – reng theoretesch.

Leschten Update: 14.06.2018, 04:30:42

© Pexels

Suen a Fussball sinn zwee Begrëffer, déi een an der Tëschenzäit an engem Otemzuch kann nennen. Fir déi eng ass den Afloss vun de Suen op de Sport eppes, wat dozou gehéiert. Fir d'Fussballromantiker sinn déi ëmmer nei Rekordzomme fir Spiller ofzeléisen oder fir se iwwerhaapt emol ze bezuelen den Dout fir de Fussball.

Ma dass d'Suen en enormen Afloss hunn, weise verschidden Etüden, dorënner och eng vun der ING.

Sue ginn Ausschlag fir Gewënner

Fir d'ING steet fest, Sue kënnen an der Tëschenzäit den Ausschlag dofir ginn, wien um Enn de Pokal mat heem hëlt. A géif een dëser Logik nogoen, da wier et jo theoretesch méiglech fir de Weltmeeschter vun dësem Joer virauszesoen – wéi gesot natierlech nëmme reng theoretesch. Dat ganzt andeems een de Maartwäert vun den eenzelen Equippen aus der Zomm vun de Spiller hëlt.

© ING

Frankräich huet d'Nues vir – op mannst finanziell

England géif dësem Modell no 5. ginn, dat mat engem Maartwäert vun 874 Milliounen Euro. Duerno géif reng theoretesch Däitschland mat 885 Milliounen a Brasilien mat 950 Milliounen Euro kommen. Kraze mir hei schonn un der Milliard, da läit Spuenien op där 2. Plaz scho kloer driwwer, dat mat 1 Milliard a 35 Milliounen Euro.

Frankräich huet bei dëser Modellrechnung awer kloer d'Nues vir, dat mat 1 Milliard an 83 Milliounen Euro, och wann Neymar a Messi mat 180 Milliounen a Kevin de Bruyne an Harry Kane mat 150 Milliounen déi deierste Spiller sinn.

Mä wéi gesot geet et jo ëm d'Zomm vun der ganzer Equippe. Där Logik no, misst Frankräich also Weltmeeschter ginn – op mannst wann et wierklech nëmmen ëm d'Sue geet.

Spiller hunn e „Wäert“ vu ronn 10,4 Milliarden Euro

Weider ass et awer och esou, dass d'ING eng massiv Inflatioun bei dëse Wäerter par Rapport zur leschter WM 2014 konnt feststellen. Dëst Joer läit d'Zomm vum Maartwäert vun all de Spiller zesummen nämlech bei ganzen 10,4 Milliarden Euro. Mä glécklecherweis si Suen och am Fussball nach net alles.