Vill Léift, wéineg SexPanda-Syndrom bei ëmmer méi Koppelen?

Beim Panda Phänomen bleift d’Sexliewen trotz Léift op der Streck – Dëse Syndrom trëfft esou wuel op Pandabiere wéi och op Mënschen zou.

Leschten Update: 09.07.2018, 09:49:40

© pexels.com

Am léifste leien déi zwee niewenteneen, kuschelen, snacken a kucken sech verléift un. Och wann se frou matenee sinn, fir intim mateneen ze ginn ass d’Koppel vill ze faul. Säit engem Joer haten se scho kee Sex méi mee fir Pandabieren ass dat och net weider beonrouegend.

Falls der iech elo ugesprach gefillt hutt, da leit dir villäicht ënnert dem sougenannte Panda-Syndrom. Bei dësem Phänomen bleift Zäertlechkeet zwar net aus: Et kësst een sech weiderhin, et beréiert een sech an et ass ee verléift, de Sex gëtt allerdéngs zur Niewesaach.

Virun allem Koppele mat klenge Kanner fannen sech an dësem Phänomen erëm, a falen sech owes léiwer midd an d’Äerm wéi um Mëtternuecht nach eng Kéier Vollgas ënnert der Decken ze ginn. Domat kënnen déi zwee zwar gutt liewen, mee ass esou eng Bezéiung ouni Loscht eigentlech normal? 

Sou laang keen eppes vermësst kéint een argumentéieren, datt d’Panda Arrangement kengem schuet. Enger Ëmfro no kéinte souguer 20% vun de befrote Leit sech eng abstinent Bezéiung virstellen. Et dierf een awer net vergiessen, datt Sex positiv Nieweneffekter huet, déi souwuel déi eenzel Persoune belieft, wéi och d’Koppel méi no zesumme récke léisst. Wann zwee Stéck sech trotzdeem dozou decidéiere keng intim Relatioun ze hunn an alle béid domat glécklech ginn, da soll een dat esou acceptéieren. Pandabiere maachen et jo schliisslech genee sou a wierke méi ausgeglach wéi sou munch Mënschen.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Links