Wëssenschaftlerin seetEt soll een eréischt mat 40 Joer schaffe goen

Eng Wëssenschaftlerin ass der Meenung, datt een eréischt vu 40 Joer u fest schaffe soll goen - wat ass un dëser Thees drun?

Leschten Update: 04.07.2018, 18:47:38

© Pexels

Schaffe goe gehéiert fir déi Meescht vun eis zum Alldag dozou. Moies opstoen, op d'Aarbecht goen, owes nees heem kommen. Ma och sou gutt wéi jidderee weess, wéi ustrengend a stresseg d'Schaff ka sinn: Et ass ee gestresst, a midd, a schlecht gelaunt... Vläicht wéilt een dann awer mol d'Aarbecht op der Säit loossen an Zäit fir aner Saachen hunn. Eng Wëssenschaftlerin seet nämlech elo, datt een eigentlech eréischt vu 40 Joer u schaffe soll goen. Klengt gutt? Ma een Hoke gëtt et hei awer.

Schaffe vu 40 Joer un - wier dat eppes fir iech?


Ma interessant ass dës Iddi op alle Fall. Réischt mat 40 Joer schaffe goen a virdru säi Liewen ouni Stress a manner Suerge genéissen. Dat ass bëssen de Gedanken hannert dëser Visioun. D'Iddi kënnt vun enger Psychologin a Wëssenschaftlerin vun der Stanford University. D'Laura Carstensen ass der Meenung, datt mer eis d'Liewe ganz falsch plange géifen.


Deemno soll ee fir sougenannte Marathon-Karriäre plangen – heescht: Et soll ee sech méi Zäit loosse fir d'Plangen an d'Organiséiere vun de verschiddenen Etappe vu sengem Liewen aplaz direkt a jonkem Alter vollzäit schaffen ze goen. Der Wëssenschaftlerin no géif de Modell, no deem mir eist Liewe wéi och d'Aarbecht riichten, net esou klappe wéi e soll.


Wann ee schafft, géing ee ni richteg eng Paus aleeën. Als Beispill hëlt d'Carstensen Elteren, déi schaffen. Wann een eng Vollzäitbeschäftegung huet, huet een him no net genuch Zäit, seng Kanner ze erzéien. Et wier ee nonstop am Stress a sou kéint ee muss een alles matenee maachen aplaz sech genuch Zäit ze huelen. Wann ee sech eréischt mat 40 eng fest Aarbecht sicht, hätt een deemno genuch Zäit fir seng Kanner a säi Privatliewen.


Ma wann een awer eréischt sou spéit vollzäit schaffe geet, muss ee jo – logescherweis – eng méi laang Zäit schaffe goen. An dat ass den - nenne mir et mol - Hoken un där ganzer Saach. Et muss een dann eben och méi laang schaffe goen. Hei ass et d'Erklärung, datt d'Liewenserwaardung an de leschte Joren erop gaangen ass. Dowéinst kéint ee méi laang schaffe goen. Wann ee méi al gëtt, géif een da just nach Hallefzäit schaffen. Der Psychologin no hätt ee mat dësem neie Modell e méi erfëllt Liewen an et kéint ee sech et besser andeelen.

Links