Bloomberg-RankingWie sinn déi räichste Mënschen op der Welt?

De Finanzdéngschtleeschter Bloomberg huet nees déi räichste Mënsche vun der Welt ermëttelt. Wie mengt dir wien nees mat dobäi ass? Mir hu mol nogefrot.

Leschten Update: 11.07.2018, 18:26:37

© Pexels

Ganz uewen op der Lëscht fënnt ee bekannten Nimm wéi de Bill Gates oder de Mark Zuckerberg. De Bill Gates huet jorelaang d'Spëtzt vun dëser Lëscht besat, mä hie gouf iwwerholl vum Amazon-Grënner Jeff Bezos.

De Bezos ass op der éischter Plaz mat engem Verméige vun ëmgerechent 123 Milliarden Euro. Op zweeter Plaz kënnt de Microsoft-Chef Bill Gates mat ëmgerechent 81 Milliarden Euro um Compte. Déi drëtt an déi véiert Plaz deelen sech de Facebook-Grënner Mark Zuckerberg an den Investor Warren Buffet; alle béid besëtze 70 Milliarden Euro. Op fënnefter Plaz dann de Chef vun der Kleeder Mark Zara, den Amancio Ortega, dëst mat ëmgerechent 65 Milliarden Euro. Op Platz 11 fënnt een déi éischt Fra op der Lëscht, d'Francoise Bettencourt Meyers, besser bekannt als Cheffin vum Kosmetik-Gigant L'Oréal, mat engem Verméige vun 41 Milliarden Euro.

Mir ware mam Mikro ënnerwee fir erauszefanne wéi eng Nimm dir op dëser Lëscht géift erwaarden, a wat dir da mat esou enger héijer Zomm maache géift.

Lauschtert hei d'Meenungen!