Sex EtüdNo 10 Béier sinn all d’Männer schwul

Bromance oder verstoppte sexuell Virléiften?! - wat Alkohol, virun allem bei Männer, ausléist.

11.07.2018, 07:00:46

En typesche Bar-Zeenario: et ass Männerowend, d’Frënn treffen sech op deen een oder anere Béier, an no enger Zäit kënnt een sech ëmmer méi no. Et fänkt u mat deenen typeschen High-Fives, da gëtt sech op d’Schëller geklappt. Komplimenter gemaach an ëmarmt. Ass de Peegel bis erreecht kënnt ëmmer méi zum Virschäin wéi wäit Männerfrëndschaft eigentlech goe kann.

Wéi déif genee, dat huet eng US-Wëssenschaftlerin am "Journal of Social Psychology" analyséiert. Fir erauszefanne wéi den Alkohol sech op sexuell Virléiften auswierkt, huet si 83 heterosexuell Persounen an enger Bar dozou befrot. Deenen 51 Männer an 32 Frae goufen Fotoe vu béide Geschlechter gewisen, no 10 Glieser hunn déi männlech Test-Persounen op Eemol béid Geschlechter attraktiv fonnt. Alkoholescht Gedrénks ass bekannt dofir d'Wouerhuele vun deem Géigeniwwer ze beaflossen, opfälleg ass allerdéngs dat bei de weiblechen Test-Persoune keng Verännerung festzestelle war.

Lauschtert hei de komplette Reportage!


Grond dofir kéint sinn dat Männer am niichteren Zoustand éischter verhale si wat bisexuell Neigungen uginn. Alkohol verännert deemno net onbedéngt eis sexuellt Verhalen, et bréngt just un d’Liicht wat am Alldag verdrängt gëtt...