Star-Fussballer12 Spiller sinn iwwer 100 Millioune wäert

An der Tëschenzäit ass et relativ normal ginn, dass Top-Fussballer e Maartwäert vun iwwer 100 Milliounen hunn. Mä wien ass am wäertvollsten?

Leschten Update: 11.07.2018, 12:19:13

© GABRIEL BOUYS / AFP

No 9 erfollegräiche Jore verléisst de Weltfussballer Cristiano Ronaldo Real Madrid a wiesselt bei den italienesche Meeschter Juventus Turin. Dat fir zesummen 112 Milliounen Euro, do sinn d'Fraisen scho mat agerechent. Wat elo relativ vill kléngt ass awer u sech fir Star-Fussballer an der Tëschenzäit scho bal e Standard-Präis. Ma et geet nach vill méi.

Nëmmen“ 100 Millioune fir CR7

Kuckt een sech déi geschate Präisser um Transfertmaart emol un, dann dierft den CR7 mat sengem Wiessel däitlech u Wäert verluer hunn. Virun net all ze laanger Zäit war vun enger Zomm vun enger Milliard riets gaangen – e Montant, deen awer wuel éischter symbolesch ze verstoe war.
Kuckt een sech awer elo de wäert un, wéi en op de verschiddene Sitten opgelëscht gëtt, da läit de Mëttelstiermer mat 100 Milliounen op där 12. Plaz.

Wuelgemierkt sinn dat ëmmer geschate Präisser, Veräiner kënne sech jo och emol anescht eens ginn. An da kënnt jo nach d'Pai vum Spiller dobäi, am Ronaldo sengem Fall sinn dat der elo bei Juve 30 Millioune pro Saison, op 4 Joer also nach emol 120 Milliounen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


D'selwecht vill sollen de Brasilianer Philippe Coutinho an de Fransous Antoine Griezmann kaschten. Obwuel op mannst dem Fransous säi Maartwäert während der WM nach dierft klammen.

3 Spiller sinn 110 Millioune wäert

De Belsch Eden Hazard bréngt et d'selwecht wéi den Argentinier Paulo Dybala an den Englänner Dele Alli op nach emol 10 Millioune méi. An da si mir och scho bei der 120 Millioune-Mark. Déi erreecht de Fransous Kylian Mbappé. Op ronn 150 Millioune Maartwäert kënnt de belsche Kevin de Bruyne, den Englänner Harry Kane an den Egypter Mohamed Salah.

Neymar a Messi un der Spëtzt

A jiddereen deen sech e bësse mat Fussball beschäftegt, dee weess, wéi eng zwee elo nach op déi zwou éischte Plaze kommen. Den Argentinier Lionel Messi an de Brasilianer Neymar. Plazeweis ginn déi mat engem Wäert vu ronn 180 Millioune gelëscht.

Ma wéi schonn ufanks gesot sinn dëst nëmme Präisser fir sech kënne graff ze orientéieren. Wat duerno nach weider oder eben och manner bezuelt gëtt, dat gëtt meeschtens hannert zouenen Dieren ausgehandelt.

An elo bleift natierlech och nach d'Enn vun der WM ofzewaarden. Hei kann nämlech deen een oder anere bestëmmt nach eppes Positives fir d'Entwécklung vum eegene Maartwäert maachen.