
© PHILIPPE HUGUEN / AFP
De Revis gëtt och "revenu d'inclusion sociale" genannt a gesäit e puer Ännerunge vir a gëtt deemno adaptéiert. Den aktuelle System hätt Schwaachstellen, sou de Rapporteur vum Gesetzesprojet Claude Lamberty en Dënschdeg an der Chamber. D'Reform gouf mat 35 Jo- zu 25 Nee-Stëmmen ugeholl, d'CSV an Déi Lénk hunn géint de Projet gestëmmt.
Zentralen Aspekt ass eng besser Resozialiséierung an d'Beruffsliewen. Et géif hei ëm déi sozial Aktivéierung, sou den DP-Deputéierten Claude Lamberty. Besonnesch Famillje mat Kanner oder den Elengerzéiend géif mam Revis gehollef ginn.
Fir de Revis ze kréie muss ee bei der ADEM ageschriwwe sinn. Am Fall, wou eng Persoun e spezifeschen Encadrement brauch, gëtt dës vum ONIS ("Office national d‘inclusion sociale") weider begleet. Hei gëtt e perséinlechen Aktivatiounsprojet ausgeschafft mat individuelle Kompetenzen, berufflech wéi sozial.
Wann ee bis prett ass, iwwerhëlt d'ADEM nees. Den Accent gëtt op déi sozial a berufflech Inclusioun gesat an d'Sozialaarbecht gëtt besser koordinéiert. Et géif drëms goen, de Betraffenen eng Verantwortung fir sech selwer zoukommen ze loossen.
De Revenu an d'Zesummesetzung vum Revis ass dann erop gesat ginn, dëst ass en Ureiz fir déi Betraffen, schaffen ze goen. Et soll ee motivéiert ginn, sech selwer méi anzebréngen. D'Liewenssituatioun vun de Betraffenen ass verschidden an dat géif mat dëser Reform besser berécksiichtegt ginn.
Den #RMG gëtt reforméiert an heescht an Zukunft #REVIS. D'#chambrelux huet d'Reform ugeholl (35 Jo/25 Nee)
— Chambre des Députés (@ChambreLux) July 10, 2018
➡️https://t.co/BrNezi5nwd
De ganze Video🎥▶️https://t.co/NcFRalx1AW@claude_lamberty @marcspautz @TainaBofferding @SamTanson @gillesbaum007 @GerardAnzia @CorinneCahen pic.twitter.com/dNY0tLhEsZ