
© eumostwanted.eu
D'Ekippe fir d'WM-Finall sti fest, gläich ass se fäerdeg an déi, déi hire Panini-Albun nach net voll hunn, musse spéitst elo Gas ginn. Ma wien e scho voll huet an sech langweilt, dee kann elo weider sammelen, an zwar déi 25 am meeschte gesichte Verbriecher an Europa.
Top-Gesichten-Ekipp zesummesammelen
Et fält direkt d'Ähnlechkeet zu de bekannte Sammelbiller op, Europol mécht awer aus deem ganzen éischter e Spill. Vun den Donneschdeg un gëtt et op de verschiddene soziale Medien ëmmer erëm Coden, mat deenen een um Europol-Site d'Billercher ka fräischalten. Europe’s #MostWantedCup kicks off now 🏆⚽!The Cypriot 🇨🇾, Finnish 🇫🇮 & French🇫🇷 EU #MostWanted players received the red card for armed robbery, fraud & murder. Send them off the pitch! Insert the code #RedCardURout 🚨on https://t.co/HewF1z0Efj pic.twitter.com/tdnfHOXpEV
Virdrun, ass nëmmen den Hannergrond vum Bild an d'Nationalitéit vum Gesichten ze gesinn. Et geet also, d'selwecht wéi beim Fussball-Virbild drëms, fir sech seng Top-Gesichten-Ekipp quasi zesummenzesammelen. Dorënner ass iwwregens och e Gesichten aus Lëtzebuerg.
Mord, Iwwerfäll, Drogen a Bedruch
Gesicht ginn d'Persounen ënner anerem wéinst Mord, arméierten Iwwerfäll, Bedruch oder Drogenhandel. D'Code ginn et bis de Samschdeg. Eréischt, wann een all d'Persounen, an deem heite Sënn nennt Europol se „Spiller“, fonnt huet, ass d'Spill eriwwer an et kann een sech d'Lëscht eroflueden.
Den 20. Juli ginn dann och nach 25 Gewënner gezunn, déi e Geschenkkuerf vun Europol zegutt hunn. Ma wat soll dat ganzt kann een sech elo froen.
Gesiichter solle Leit a Gediechtnes bleiwen
Hannert där Aktioun stécht en eescht Uleies. An zwar sollen d'Leit sech d'Gesiichter vun de Gesichten esou besser mierke kënnen. Et hätt sech nämlech gewisen, dass een d'Visitten op der Europol-Säit misst héich halen, fir Resultater ze kréien. An dat géif am beschte mat méi originellen Aktioune goen.
Bei den zwou méi grousse Campagnë ronderëm Chrëschtdag 2016 an am August 2017 hätten am ganzen 9 gesichte Persoune kënne festgeholl ginn, nodeems si vu Leit identifizéiert gi waren.