Dating-Hëllef vum Sproochassistent"Alexa..." - Wat froen d'Leit eigentlech?

Ëmmer méi Leit hunn e Sproochassistent wéi d'Alexa Doheem stoen. Ma wat froen si dann? A wat wënschen sech d'Notzer soss nach vu Funktiounen?

12.07.2018, 14:02:47

© Pexels

Mam Amazon Echo huet den Internet-Gigant den Alldag vu ville revolutionéiert: Et kann een de Sproochassistent eigentlech alles froen, gréisstendeels kritt een och eng seriö Äntwert. An deem Kader huet d'Entreprise OnePoll an den Online-Site "Code Computerlove" am Juni eng gemeinsam Ëmfro lancéiert an 1000 Britte gefrot, wat si hire Sproochassistent sou froen.

Et ass net verwonnerlech, datt zwee Drëttel vun de Notzer d'Alexa benotze fir Musek ofzespillen, méi wéi d'Halschent froen nom Wieder oder de Noriichten. Ma an den Top 5 vun dësem Ranking steet dann awer nach eppes, wourunner vläicht net jiddereen direkt denkt: All Fënneften Notzer huet uginn, datt een d'Alexa benotzt, fir ze wëssen, wéi laang een en Ee kache soll.

Richteg spannend klengt dat elo net, dowéinst wollt d'Ëmfro och wëssen, wat d'Leit sech fir zukünfteg Funktioune wënschen. An do gëtt et méi witzeg. 20% vun de Befroten hu uginn, datt hire Sproochassistent hinnen hëllefe sollt, de perfekte Witz ze zielen. 10% wënschen sech dann, datt d'Alexa hinne beim Flirten hëlleft. Tinder 2.0 also. Donieft gouf nach festgehalen, wat d'Leit soss mam Alexa maachen.

25% féieren all Dag Gespréicher mat hirem Sproochassistent, 30% vergiessen awer och, datt se een do stoen hunn. 40% vun de Befroten hunn Angscht, datt d'Sproochassistenten ënnert sech an enger Sprooch schwätzen, déi mir net verstinn. 80% hunn dann awer uginn, datt si sech wierklech Suerge maachen, opgeholl oder ausspionéiert ze ginn. Dann ass et natierlech net nozevollzéien, datt all 4. säin Alexa och mat an d'Bett hëlt...

Lauschtert hei de komplette Reportage

Links