
© Pierre Werner
Den Alain Welter bezeechent sech selwer als "Illustrator" a "Mural Art Artist". Dat seet engem elo vläicht net direkt eppes. Vereinfacht kann ee soen, datt hie Graffiti op d'Mauere mécht. Dat ass eigentlech näischt Neies. Ma den Alain huet awer kuerzerhand säi ganzt Duerf an eng riseg Graffiti-Landschaft ëmfonctionnéiert. Den Alain erzielt, wéi hien zu dësem Projet komm ass:
Den Alain Welter
De Projet leeft schonn zënter Ufank 2017 an zënter deem huet den Alain eng ganz Rëtsch Gebaier zu Koler besprayt. Ënnert dem Moto "upgrade your village" huet den 23-järege Kënschtler ënnert anerem d'Fassade vun den Haiser a Gebaier a sengem Duerf mat coole Graffiti-Mustere verschéinert.
Säin Heemechtsduerf soll domadder méi faarweg ginn an och méi attraktiv ausgesinn, net just fir d'Awunner, mee fir jiddereen, dee laanscht kënnt. Wien et nach net an d'Duerf Koler am Weste vu Lëtzebuerg gezunn huet, deen huet awer och scho vläicht aner Konschtwierker vum Alain gesinn.
Um Knuedler an der Stad zum Beispill fënnt ee vis a vis vum Biergerzenter Graffiti-Molereie mat ganz ville Referenzen un d'Lëtzebuerger Land. No zwee Joer Preparatioun ginn d'Wierker dann e Sonndeg de 15. Juli presentéiert, dat am Kader vun engem grousse Vernissage.
Lauschtert hei de komplette Reportage