
© Christophe SIMON / AFP
Den Donneschdeg gouf et an Däitschland vun engem Geriicht confirméiert: Eltere vun engem Meedchen, dat ëm d'Liewe komm war, wéi et vun engem Metro zu Berlin iwwerrannt gouf, hunn nom Dout Zougang op de Facebook-Konto vum Meedchen. Domat wëllen d'Elteren erausfannen, ob et sech beim Tëschefall ëm en Accident oder ëm e Selbstmord gehandelt huet. De Problem vu Facebook war awer, dass domat och déi Privat Noriichte vun aneren Notzer, déi mam Meedchen a Kontakt waren, gelies kënne ginn. Ma mir hunn eis dofir gefrot, wat dann iwwerhaapt mam Facebook-Konto geschitt, wann een net méi do ass.
Verwaltung schonn zu Liefzäite klären
Am beschte sollt een sech zu Liefzäiten e Kontakt aussichen, deen d'Facebook-Ierwe verwalt. Dee kann sech dann ëm de Facebook-Account këmmeren, soubal d'Säit an de sougenannte Gedenkzoustand versat ginn ass. Dat geschitt automatesch, soubal Facebook via den Hëllefsberäich matgedeelt krut, dass en Notzer gestuerwen ass. Ausser natierlech et huet een agestallt, dass de Konto nom Dout automatesch soll geläscht ginn.
Konten am Gedenkzoustand solle Facebook no de Kollegen an der Famill d'Méiglechkeet ginn, fir Erënnerungen un déi verstuerwe Persoun ze deelen.
An Erënnerung un...
Am Profil gëtt dann nieft dem Numm vum Verstuerwenen „An Erënnerung un“ ugewisen. Duerno kënnen ofhängeg vun den Astellunge vun der Privatsphär Leit Erënnerungen an der Chronik deelen. Fotoen a Bäiträg sinn och weider fir déi Zilgruppen, mat där se gedeelt goufe siichtbar.
D'Profiller, déi an de Gedenkzoustand versat goufen, ginn awer net ëffentlech ugewisen, z.B. als Suggestioun vu Persounen, déi ee villäicht kennt oder als Gebuertsdagserënnerung. Konten, fir déi virdru kee Verwalter festgeluecht gouf, kënnen och net méi geännert ginn a Gruppen, déi vun där verstuerwener Persoun administréiert goufen, ginn op Ufro geläscht.
LINK / Fannt hei d'Erklärungen zum Gedenkzoustand!
Konto läsche geet och
De Konto nom Dout komplett ze läschen ass iwwerdeems e bësse méi einfach. Dat kann ee bei den Astellungen, da bei de Facebook-Informatiounen an da mam Feld „De Konto an d'Informatioune läschen“ zu all Moment astellen.
Den Dout vun enger Persoun kann ee Facebook am Hëllefsberäich matdeelen. An a seelene Fäll gëtt et nach d'Méiglechkeet, fir Informatiounen iwwer e verstuerwenen Notzer ze kréien, dofir muss een awer eng Demande bei Facebook maachen.