Neie Selfie Trend am TestMigrän-Pose

Wie mat senge Selfien am Trend leie wëll: Hand un de Kapp an dem Eldo Team nogemach…

Leschten Update: 13.07.2018, 14:18:14

© Eldoradio

De leschten Insta-Trend deen d’Eldo Team getest huet war d’Prune Face. Esou richteg sexy huet dat bei eisen Animateuren a News-Redakteren zwar net ausgesinn, mee elo hunn si eng weider Chance sech ze beweisen.

© Eldoradio


Elo gëtt et e weidere Selfie-Trend: D'"Migrain-Pose". Wärend d’Staren drop schwieren d’Hand un de Kapp ze leeë wéi wann ee Kappwéi hätt, sinn aner Leit net esou begeeschtert vun dëser Pos. Obwuel een d’Gesiicht domat gutt an Zeen setze kann, wär et falsch eng Krankheet wéi Migrän zu Selfie-Zwecker als hip duerzestellen.

D'Eldo Team stellt den Trend mol op d'Prouf. Noutfalls kéint een aus der ëmstriddener Migrän Pos jo och einfach "Face Palm" maachen ...  gell Serrig?!