Prett fir fortTipps fir eng stressfräi Vakanz

Op wat muss een oppassen, wann et an d'Vakanz geet? Wat soll een net vergiessen, wann een d'Rees plangt?

Leschten Update: 13.07.2018, 15:57:23

© Pexels

Den Europäesche Verbraucherzentrum Lëtzebuerg huet e puer Tipps, op wat een oppasse muss a wéi ee sech am Virfeld organiséiere soll, wann et stressfräi an d'Vakanz soll goen.

Reesdokumenter kontrolléieren
Dat Wichtegst sinn natierlech valabel Ausweisdokumenter. Et soll ee mat Zäite kucken, datt d'Carte d'Identité, de Führerschäin a soss Pobeiere vum Auto nach net ofgelaf sinn. Dat nämmlecht gëllt fir d'Versécherungen.

Internet-Adresse vun Online-Sitten nokucken
Wann ee seng Rees online bucht, soll een oppassen, datt ee net op e gefälschten Online-Site fält. Hei gëllt et opzepassen, datt et sech ëm eng geséchert Säit handelt, deemno soll een URL-Adresse vum Site kontrolléiere éier een eppes bucht.

Ännerung bei Pauschalreesen
Zënter dem 1. Juli dëst Joer gëllt dann eng nei EU-Richtlinn a Saache Pauschalreesen. D'Fro vun der Responsabilitéit ass elo besser definéiert. Wann de Organisateur Faillite geet oder et soss Problemer mat der Rees ginn, soll een direkt eng Reklamatioun areechen. Och wann de Vol annuléiert gëtt, soll een direkt reklaméieren.

Roaming-Käschten
Zënter 2017 entsti jo duerch eng nei Roaming-Richtlinn keng zousätzlech Käschte méi, wann een am EU-Ausland telefonéiert oder online ass. Ma heivunner ausgeschloss sinn awer Norwegen, Island an och Liechtenstein. Hei gëllt et opzepassen. Och wann een op Croisièren ënnerwee ass, gëllt dës Reegelung net. Wann een awer ze vill iwwerdreift, kann et och an der EU deier ginn. De Bedreiwer entscheet an esou eng Fall, wéi vill de Client bezuele muss.

Auto lounen
Wann een dann en Auto an der Vakanz lount, soll een direkt d'Gefier kontrolléieren – éier een domadder fiert! Wann den Auto scho viru Schréipsen huet oder soss eppes net ok ass, soll een dat schrëftlech festhalen. Beim European Car Rental Conciliatioun Service (ECRCS) kann ee reklaméieren, wann et e Problem gëtt.

Souveniren a Kaddoen
E weidere Rotschlo ass et opzepassen, wann ee Kaddoen oder Souveniren an der Vakanz keeft. Gefälschte Poschen oder Aueren si verbueden, wann ee fir eng Kontroll bei d'Douane muss, kann et nach eng Kéier richteg deier ginn.