
© Pixabay
Et ass Summer, et ass waarm, vill Leit hu Vakanz, u sech ass et fir vill Leit déi beschten Zäit vum Joer. Op d'mannst esou laang, bis een owes an d'Bett geet an esou eng kleng Knupp um Been spiert, déi bei méi geneeër Kontroll och nach kleng Been huet an sech grad mat Blutt vollsuckelt. Rieds geet natierlech vun Zecken. An där ginn et der jo zu Lëtzebuerg mat senge Wisen a Bëscher vill an déi meescht hate scho mol eng.
Wieder ass relativ favorabel fir Zecken
Zuelen oder op d'mannst en Trend, wéi sech d'Zecken zu Lëtzebuerg entwéckelen, si schwéier ze berechnen. Ma op all Fall kann ee soen, dass d'Wieder, dat mir elo grad hu fir d'Zecke relativ favorabel ass. Fiicht a waarm wëllen déi et hunn an och am Wanter, wann d'Temperaturen op iwwer 8 Grad klammen, da ginn d'Déieren aktiv.
Am léifsten hunn se et awer sou tëscht 15 an 20 Grad, erkläert d'Elisabeth Kirsch vun Natur&Ëmwelt. An dofir kann een dovun ausgoen, dass et dëst Joer vill Zecke wäert ginn.
Gefor vu Borrelios an Hirnhautentzündung
Bei eis sinn d'Déieren net nëmme gefaart, well se net grad zu deene schéinste gehéieren an op eist Blutt aus sinn, ma virun allem, well se Krankheeten iwwerdroe kënnen. Elo si mir zu Lëtzebuerg nach relativ gutt drun, well se hei – anescht wéi an anere Länner – nëmmen eng Krankheet iwwerdroen, esou d'Sandra Cellina vun der Naturverwaltung.
LINK / Fannt hei alles iwwer d'Borrelios!
FSME villäicht gläich och zu Lëtzebuerg
D'Krankheet mam Numm Fréisummer-Meningoenzephalitis, kuerz FSME genannt, déi mir allgemeng als Hirnhautentzündung kennen, gëtt et hei net oder besser gesot nach net, esou d'Elisabeth Kirsch.
Ma am Géigesaz zur Borrelios kann een sech géint dës Zort vun Hirnhautentzündung impfe loossen. Ass een a Gebidder ënnerwee, an deenen d'Zecken dës iwwerdroe kënnen, da mécht eng Impfung duerchaus Sënn.
Grieser an Ënnerholz evitéieren
Waarmt a fiicht Wieder hunn d'Zecken also gär. Zu Lëtzebuerg ginn se dofir am Fréijoer an am Hierscht richteg aktiv a planzen sech dofir och immens séier fort. Een Tipp, fir de Bluttsuckeler aus dem Wee ze goen, ass dofir wärend där Zäit wa méiglech déi Plazen ze evitéieren, wou se am léifste sëtzen, esou d'Elisabeth Kirsch vun Natur&Ëmwelt.
LINK / Wéi kann ech mech virun Zecke schützen?
Kierper am beschten ofsichen oder ofsiche loossen
Da sollt ee, wann een dobaussen ass, hell Kleeder undoen, op deenen een d'Zecke gutt drop gesäit a kann ewechhuelen. Weider kann een d'Strëmp iwwer d'Box zéien, d'Kleeder doheem ausrëselen an sech duerno grëndlech ofsichen. Well d'selwecht wéi beim Wieder siche sech d'Zecken och um Kierper gäre waarm a fiicht Plazen.
Zeck esou séier wéi méiglech eraushuelen
Virun allem fir d’Borrelios ass et wichteg, dass d'Zeck esou séier wéi méiglech erausgeholl gëtt, well d’Krankheet meeschtens eréischt no 24 Stonnen iwwerdroe gëtt, esou d'Elisabeth Kirsch nach. Ma wat d'Zeck méi kleng ass, wat een sech manner Suerge muss maachen, esou d'Sandra Cellina vun der Naturverwaltung. Déi sinn dann nämlech nach méi jonk an hate manner Zäit, fir sech selwer mat Krankheeten ze infizéieren.
Huet een eng Zeck, da sollt een se einfach lues a virsiichteg erauszéien, dat mam Kapp vum Déier. Da sollt een d'Plaz desinfizéieren an d'Plaz am Ae halen. Wann een dann an den 3 Wochen nom Bass grippenänlech Symptomer oder eng rout Plaz ronderëm de Punkt, wou d'Zeck houng, feststellt, da sollt een onbedéngt bei en Dokter goen.