London CallingWat eng Woch!

Heiansdo ginn et Wochen do ass - hei an der britescher Haaptstad - vergläichsweis wéineg lass.

Leschten Update: 16.07.2018, 22:14:41

© pexels.com

An da ginn et awer och heiansdo Wochen - wéi d’läscht Woch - wou esou enorm vill lass war, dass engem scho bal dronke gëtt.

Fir d’éischt emol hatte mer do dat ganzt Gedeessems ëm de Brexit. Nodeems et endlech duerno ausgesinn huet, wéi wann d’Theresa May sech duerchgesat an d’Regierung sech op eng Verhandlungslinn vis-à-vis vun der EU gëeenegt hätt, hunn de Brexitminister David Davies an den Ausseminister Boris Johnson d’Handduch gehäit an déi nächst Regierungskris agelaut. Dobäi kennt dann och nach, dass den Trump bei senger Visite Ueleg an d’Feier gegoss huet, andeems e sot, dem Theresa May seng Brexitstrategie wier näischt.

Lauschtert hei de Reportage:


Iwwerhaapt, wéi erwaart, huet den Trump sech sou richteg de Batti gestallt, wou en hei war. Nieft dem Diss vum Theresa May, huet en nach de Geck mat enger Journalistin gemaach, déi him eng Fro gestallt huet an - fir vill Leit am aller schlëmmsten - huet en sech bei der Queen total donieft beholl. Fir d’éischt emol ass hien ze spéit fir seng Entrevue komm an dunn huet hie sech och nach e Faux-pas geleescht, andeems e virun der Queen hiergelaf ass, amplaz nieft hir. D’Briten sinn op jidder Fall “not amused”.

A schlussendlech ass dann och nach den Dram vum Fussballweltmeeschtertitel geplatzt. Net nëmmen huet England et net an d’Finale gepackt, mee d’Equipe huet dunn och nach eemol géint d’Belsch verluer, fir zum Schluss op déi 4. Platz ze kommen. Dat ass trotzdem dat beschte Resultat zënter der WM am Joer 1990 an Italien, mee awer ass et fir d’Fans hei op der Insel eng batter Affär.

Et war also eng turbulent Woch. Hoffe mer, dass dës Woch e bësse manner lass ass.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter