SmartphoneVu wéi vill Joer un sollte Kanner een hunn?

Déi meescht Eltere sti fréier oder spéider virun der Decisioun hirem Kand e Smartphone mat Internet-Accès ze kafen. Mä wéi een Alter ass do am ideaalsten?

17.07.2018, 05:00:25

© Pixabay

An Däitschland gouf elo am konkrete Fall vun engem 8 Joer ale Meedche vum Geriicht festgehalen, mat wéi vill Joer hatt e Smartphone mat Internet-Accès dierf kréien. Virun dem Familljegeriicht ass et amfong dorëms gaangen fir ze decidéieren, wou d’Meedche soll no der Scheedung vu sengen Eltere liewen. Mä niewebäi gouf dann och direkt festgehalen, datt d’Kand eréischt mat 12 Joer dierf e Smartphone mat Internet-Accès kréien. D’Mamm huet dëst awer net akzeptéiert an ass eng zweete Kéier viru Geriicht géint d’Uerteel virgaangen. A si krut Recht!

Mir ware mam Mikro ënnerwee a wollte mol wëssen, vu wei engem Alter un datt dir et ubruecht fannt, engem Kand e Smartphone mat Internet-Accès ze kafen a wisou!

Lauschtert hei d'Meenungen!