De Gockel-KomplexFirwat Männer méi protze wéi Fraen

Den Hang zum Luxus hänkt, enger Etüd no, vum Testosteron-Level of…

17.07.2018, 06:10:24

© Pexels

Privatjets, deier Aueren a Luxus-Karosserië – den Dram vu ganz ville Männer. A wann se net dovun dreemen, ginn se domat un. Firwat maachen sech virun allem Männer esou zum Af wann et ëm Luxus-Produite geet a virun allem - betrëfft dat si dann elo wierklech méi wéi d'Fraen? Froen, déi sech Fuerscher vun direkt 3 Universitéiten aus den USA net nëmme gestallt, mee och getest hunn.

Vun 243 männleche Fräiwëllege krut d’Halschent en Testosteron-Gel op d’Haut, di aner Halschent e Placebo. Fir den Hang zum Luxus ze iwwerpréiwe sinn den Test-Persounen Publicitéite vun deiere Produite wéi Autoen an Auere virgespillt ginn. Bei deenen 3 Clips stounge jeeweils Qualitéit, Power oder Protz-Faktor am Virdergrond an dës missten duerno bewäert ginn.

D’Resultat war kloer: Wie méi Testosteron am Blutt hat, huet sech vum Luxus däitlech méi staark ugesprach gefillt. D’Verlaangen no protzen an d’Streben no Status Symboler huet also am Endeffekt net onbedéngt eppes mat engem Komplex, mee mat den Hormoner ze dinn.

Lauschtert hei de komplette Reportage!