Oppe Schwämmen a SéienWou kann ee wat maachen?

Och zu Lëtzebuerg kann ee bei deem Wieder beim Waasser relaxen - oder sech am Waassersport probéieren. Mir soen iech wou ee wat maache kann.

Leschten Update: 18.07.2018, 10:05:01

Kajak fueren op de Baggerweieren zu Rëmerschen © Eldoradio

Fänke mer mat de Baggerweieren zu Rëmerschen un. D'Weiere sinn wärend de Summerméint extrem beléift an d'Plaze ronderëm d'Weiere gutt besat. Ma nieft schwamme goe kann een op de Weieren och Kayak fueren – dës kann ee léinen oder selwer matbréngen, et sinn Beachvolleyball-Terrainen do an et kann een mam Paddelboot eraus fueren. Am Waasser gouf eng Aart risegt Sprangschlass opgeriicht vun deem aus een an d'Waasser sprange kann.

Waasserschi a Kanu kann een dann ënnert anerem zu Réimesch, Esch/Sauer oder zu Rouspert testen. Op der Sauer bei Rouspert ass et souguer méiglech mat engem sougenannte Bananne-Boot ze fueren. Wien sech dann am Wakeboard oder Stand-Up-Paddle probéiere wëll, kann dat och um Stauséi zu Lëlz maachen. De Stauséi ass wärend de Summerméint extrem beléift a bitt och Kayak oder Kanu-Coursen un.

Wien sech an enger oppener Schwämm wëll ofkillen, deen huet hei am Land och e grousse Choix. Am Norden zu Veianen kann een am Waasser leien an d'Vue op d'Veianer Schlass genéissen. Op der Musel sinn dann d'Schwämmen zu Réimesch a Gréiwemaacher, déi ganz beléift sinn. Hei ginn et dann och Rutschen, Sprangbrieder a vill Wiss, fir ze relaxen. Am Süde vum Land ass et d'Schwämm zu Déifferdeng mat zwee grousse Basengen an enger Rutsch.

D'PiKo-Schwämm zu Rodange ass dann déi eenzeg Schwämm, déi – wéi den Daach vun engem Kabrio – zougemaach ka ginn. Heescht, falls d'Wieder awer net méi matspillt, ass dat hei kee Problem. Zu Nidderaanwen kann een an der Syrdall Schwämm vun enger Rutsch mat agebautem Soundsystem profitéieren a natierlech sech och baussen an engem grousse Baseng ofkillen.

Déi meescht oppe Schwämme sinn da bis Enn August/Ufank September fir de Public op, dat hänkt awer natierlech och vill vun der Meteo de Moment of.

Lauschtert hei de komplette Reportage

D'"Sprangschlass" op de Baggerweieren zu Rëmerschen © Eldoradio