
An engem neien Trailer, gedréint an engem Akafszentre zu Hawkins am gewinnten 80er Joer-Stil vu Stranger Things gëtt een zwar net vill iwwert de Release-Datum oder d’Handlung vun der drëtter Staffel gewuer, ma e puer Undeitunge fënnt een awer schonn.
Sou gesäit een zum Beispill de Steve Harrington (Joe Keery) wéi hien am Akafszentre Glacë verkeeft. Nieft him gesäit een dann eng vun deenen néien Haaptfiguren, d’Robin, gespillt vum Maya Hawke.
Zum Schluss vum Video dann nach d’ Informatioun "coming next summer", wat dorop hoffe léisst, dass déi néi Staffel am Summer 2019 publizéiert gëtt.
Kuckt elo hei den Trailer: